Ausbléck: De variabele Charakter vu nächster Woch

Wéi Dir jo wësst, gëtt et muer däitlech méi waarm zu Lëtzebuerg. Generell läit dëst un enger westlecher Stréimung, déi eis och an den Deeg drop variabelt Wieder ka bréngen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Schonn haut um Samschde sinn eis Temperaturen um klammen, wat dorop zréckzeféieren ass, dass mir esou lues ënnert den Aflossberäich vun engem kräftege Stuermdéif gerode, wat net all ze wäit westlech vun de britteschen Insele läit. Et schëppt däitlech méi waarm Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa an eis Géigenden a suergt dofir, dass d’Temperaturen a kuerzer Zäit en immense Schwong no uewe kënne genéissen. Mee wat ka no dësem Schwong kommen?

Den aktuellen Ausbléck fir d’nächst Woch

E Méinde kréie mir dëst Déif, wat säi gréissten Afloss zwar mat Ofstand op de britteschen Insele weist, duerch seng Kalfront ze spieren. Duerch dës reent et wärend e puer Stonne verbreet, punktuell a kuerz kann et och méi kräfteg schëdden. Et ginn aktuell 10 bis 14 Grad uviséiert, en Dënschde sollen et 6 bis 9 sinn an e Mëttwoch 5 bis 7 Grad. An där Zäit weist sech heiansdo d’Sonn, et sinn awer oft e Pak Wolleken ënnerwee. De Wand ass definitiv en Thema, e Méinde gi nämlech Spëtzte vu 65 oder 70 km/h erreecht, en Dënschde sinn et erëm ëm 50 km/h.

D’Nuecht vum Mëttwoch op en Donneschde kann op e Neits eng lëfteg bis fläit minimal stiermesch ginn, well do nämlech e Randdéif mat sengem Kär iwwert de Nordweste vun Däitschland wäert zéien. Generell schéngt et aus aktueller Siicht, wéi wann d’Nuetstemperaturen an der zweeter Wochenhallschent erëm géifen zréckgoen, iwwerdeems d’Temperaturen dagsiwwer e Plafong vun ongeféier 9 oder 10 Grad hätten.

Fest steet also: De Schnéi huet elo mol fir eng Zäit definitiv näischt méi ze soen.