Ausbléck: De Weekend setzt sech héije Loftdrock duerch

Bis an déi zweet Wochenhallschent eran gëtt et ëmmer erëm naass, wat duerno awer ëmmer méi ofhuele wäert. De Grond dofir ass héije Loftdrock, deen sech aus Südwesteuropa op de Wee mécht.

Den déiwe Loftdrock bleift net laang

Wéi am Wochenausbléck schonn kuerz ugedeit, mécht sech a Richtung Weekend erëm Héichdrockafloss iwwert dem Kontinent breet. Elo schonn läit en iwwer Spuenien, Portugal an och dem Süde vu Frankräich – an esoubal d’Frontesystemer vu muer an e Freiden duerch sinn leet e sech och iwwert eis Käpp.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Eis steet geschwënn also e méi rouege Verlaf un, och wa mir fir d’éischt mol nach duerch méi e kräftege Wand mussen.

Wat eis d’Héichdrockgebitt bréngt

Engersäits hu mir duerch den Héichdrockafloss kee Reen méi ze erwaarden, anerersäits léisst eis och de stramme bis stiermesche Wand a Rou. Eis Temperature weise sech weiderhin am net wierklech wanterleche Beräich: Dem momentane Stand no sinn e Freiden Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, e Samsden 3 bis 5 Grad an e Sonnden erëm 6 bis 9 Grad.

De keelsten Zäitpunkt hu mir also e Samsden ze erwaarden, méi genee gesot um fréie Samsdemoien. Bei -4 bis -2 Grad ass mat liichtem Frascht ze rechnen, änlech nach eng Kéier e Sonndemoie bei -4 bis -1 Grad.

Vum Wiederzoustand hier wiessle sech Sonn a Wolleken of – dëst awer och just am beschten, wa sech de potenzielle Niwwel séier genuch opgeléist kritt. Alles an allem steet eis e frëndlechen Ofschnëtt un, mir musse nëmme nach e bësse Gedold hunn.