Ausbléck: De Weekend vu Frankräich hier naass, lok. Dimmere méiglech

A Richtung Enn der Woch kënnt eis vu Frankräich hier en Déifdrockgebitt méi no, wat eis Schaueren an deels och Donnerwieder an eis Groussregioun bréngt.

Advertisement

Fiichtwaarm Loftmasse maache sech op de Wee

Momentan leien eis Temperaturen tëscht 7 an 12 Grad – un eiser Statioun zu Baschelt gi knapp 10°C gemooss an um Hareler Poteau sinn et genee 9°C. Opfälleg ass awer, dass et am ganze Land immens dréchen ass: D’Loftfiichtegkeet läit tëscht just 19 an 31 %. De Grond dofir ass, dass déi momentan Positioun vum Héich et net zouléisst, dass fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg kënnen iwwergräifen. Eréischt méi spéit an der Woch gëtt dat besser, well sech vu Portugal hier en Déif a Richtung Westfrankräich beweegt. Zur selwechter Zäit beweegt sech eist Héich weider an de Südoste vum Kontinent, wat heescht, dass den Déifdrockafloss klëmmt. Zur selwechter Zäit ginn d’Loftmassen awer och méi fiicht a fir e Moment och nach méi mëll.


Wéi sech d’Déifdrockgebitt a Richtung Frankräich verlagert | Animatioun: wxcharts.com

E Freiden entwéckele sech iwwer Frankräich eng ganz Partie Schaueren, eenzel Donnerwieder sinn och dobäi. E Samschde kommen eis dës Nidderschléi méi no, besonnesch a Richtung Owend – de Risk vun engem Dimmer hält sech a Grenzen, well d’Sonn schonn ënnergeet. E Sonnden ass dat schonn en Tick méi warscheinlech, allerdéngs hale sech d’Intensitéite nach a Grenzen – eng Situatioun wéi am spéide Fréijoer oder Summer steet net un. Soubal sech dat Ganzt weider konkretiséiert, kënnt en Update.