Ausbléck: Deemnächst weiderhi net all ze vill Reen zu Lëtzebuerg

An de leschten Deeg hu mir schonn e bësse gemierkt, dass de Reen net méi grad esou present ass. Muer zitt zwar nach eng Kalfront duerch, mee de manner naassen Trend soll sech fortsetzen.

Advertisement

D’Situatioun

Momentan ass sech amgaangen, eng richteg Wiermtblos iwwert dem Mëttelmierraum opzebauen, iwwerdeems iwwert dem Nordweste vum Kontinent kal Loftmassen dominéieren. Lëtzebuerg läit aktuell an och deemnächst nach an dem tendenziell méi kille Beräich, iwwerdeems knapp südëstlech vun eis déi genee Grenz tëscht waarmen a kille Loftmasse verleeft.


D’Reenzomme bis de Sonnden inclus, berechent vum europäesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Un dëser kënnt et erëm zu grousse Reenzommen, wat ënnert anerem och erëm den äusserste Süde vun Däitschland kéint betreffen – an dat elo direkt kuerz no hire rezenten Onwieder, déi punktuell e Joerhonnerthéichwaasser ausgeléist hunn.

Déi erwaart Quantitéiten

Lëtzebuerg läit also net direkt un der genannter Grenz, dohier hale sech d’Reequantitéite bei eis a Grenzen. De nächste Reen steet muer um Mëttwoch un, et zitt nämlech eng schwaach Kalfront iwwert eis ewech. Och bis an de fréien Donneschdemëtten era kann et punktuell nach e bësse naass ginn, vill ass et awer net. Bis de Weekend inclus schéngt et dann meeschtens dréchen ze bleiwen.

An der nächster Woch kéint sech mol iwwert e puer Deeg en Héichdrockgebitt bei eis bemierkbar maachen, wouduerch et ëmmer nach net besonnesch naass géif ginn. An der zweeter Wochenhallschent kéint erëm eng méi naass Léisung ustoen – mee dat ass elo nach Spekulatioun.

Dëst sinn déi berechent Reequantitéiten bis de Sonnden, 09.06.2024 inclus:

  • GFS: 0,5 – 1 l/m²
  • ECMWF: 0,5 – 3 l/m²
  • ECMWF AI: 2 – 6 l/m²
  • ICON: 0,1 – 0,5 l/m²

Zitt een doraus eng Moyenne, da kënnt een bei 0,8 bis 2,7 l/m² eraus – an dësem Beräich sollte mir eis also op de meeschte Plaze beweegen. Sollt spontan awer eng lokal méi kräfteg Schauer erofkommen, da kann dëse Wäert punktuell iwwertraff ginn.