No den deels zolitten Donnerwieder mat Iwwerschwemmungen a grousse Knëppelsteng en Dënschden rechnen d’Modeller elo mat enger weiderer fir d’Saison spéider Donnerwiederlag, déi sech e Méinde kéint bei eis ofspillen. E virsiichtegen Ausbléck.
Titelbild-Hannergrond: wxcharts.com
Méiglecherweis awer nach eng Donnerwiederlag
Et ass schonn zimmlech spéit an der Saison – d’Donnerwiederlag vum leschten Dënschden, 12. September hätt schonn kënnen déi lescht sinn, mee de Modeller no kéint eis demnächst nach eng ustoen. Bei der leschter huet et jo plazeweis tëscht 40 a 70 l/m² a kuerzer Zäit gereent, et koum zu Iwwerschwemmungen. Gréisser Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser waren och dobäi – mee wéi kéint et dës Kéier ginn?
Do muss een einfach fir de Moment mol nach de Ball flaach halen. Bis ewell ass gewosst, dass et Signaler fir eng weider Donnerwiederlag an de Modeller ginn. Dëse Modellrechnunge no hätte mir et an der Nuecht op de Méinden oder an der éischter Dageshallschent vum Méinde selwer mat engem gréisseren Donnerwiederrisk ze dinn. Berechent gëtt och erëm eng present Wandscherung (Ännerung vun der Wandvitesse- & Vitesse mat der Héicht), wat d’Entwécklung vun deels méi zolitten Zellen erëm géif ënnerstëtzen.
An dësem Risikogebitt wier awer net alleng Lëtzebuerg, mee déi ëstlech a nordëstlech Deeler vu Frankräich, de Südoste vu BeNeLux a gréisser Deeler vun Däitschland – tendenziell awer méi d’Nordhallschent dovun. Dass eppes am Bësch ass, doriwwer si sech d’Modeller eenz. Et muss een elo awer Laf fir Laf oder Dag fir Dag kucken, wéi sech dës Modellrechnunge veränneren a weider konkretiséieren. Zenarien wéi Staarkreen a Stuerm wieren awer aus momentaner Siicht gesinn op alle Fall méiglech.