Déi méi laang spéitsummerlech Phas ass zwar definitiv eriwwer, mee geschwënn suergt en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik fir e weidere kuerze Wiermtvirstouss.
Titelbild-Hannergrondkaart: wxcharts.com
D’Temperature klamme geschwënn erëm
Schonn vum Freiden u wäerten eis Temperaturen erëm klammen, bis e Sonnde kënnen esouguer erëm summerlech Wäerter erreecht ginn. Wat geschitt? En Déifdrockgebitt wandert vun elo un bis de Freidemëtten a Richtung Portugal a Spuenien a wäert sech do verstäerken. Duerch seng Dréiung géint d’Auer gëtt Hëtzt aus Afrika ugezaapt, déi dann ënner Ofschwächung a Richtung Norden geschëppt gëtt – also op Lëtzebuerg duer. Bis e Sonnde verlagert sech och de Kär vum Déif selwer op déi britteschn Inselen duer, wat bedeit, dass d’Wiermt nach e gutt Stéck méi wäit an de Norde virukënnt.
D’Resultat dovun ass, dass d’Temperaturen e Freiden erëm op 22 bis 24 Grad klammen – punktuell ass och eng 25 Grad erëm net ausgeschloss. E Samsden gëtt et erëm 24 bis 27 Grad waarm, e Sonnde kéint et nach eng Kéier fir 24 bis 29 Grad duergoen. Dëst sinn natierlech erëm Wäerter, déi fir d’Joreszäit iwwerduerchschnëttlech sinn.
Iwwerdeems den amerikanesche Modell schonn fir e Méinde gesäit, dass d’Wiermt an den Oste verdrängt gëtt, ass den europäesche Modell der Meenung, dass et nach bis en Dënschden dauert. Egal wéi et kënnt: Déi zwee Modeller rechnen duerno mat engem hierschtlechen Touch duerch eng méi kill a stramm westlech Stréimung. Dozou awer méi an engem aneren Artikel.