Ausbléck: Déifdrockgebitt bréngt kleng Schnéiwarscheinlechkeet e Freiden

Vu muer u schalt sech Déifdrockafloss dotëscht, deen zäitweis fir geréng Nidderschléi a Form vu Gegrimmels a Gefisems ka suergen. Zumools e Freide kéint et och fir “richteg” Schnéischaueren duergoen.

Advertisement

Et kënnt e bësse méi Beweegung eran…

… an awer ginn et ëmmer nach keng groussaarteg Saachen ze beriichten. Dat “spannendst”, wat mir an de Wiederkaarte fir Lëtzebuerg fannen, ass déi kleng Warscheinlechkeet vu gerénge Nidderschléi a Form vu Schnéi, zumools fir e Freiden. Mee awer och schonn éischter kënne sech liicht Nidderschléi amëschen, wéi beispillsweis muer um fréie Mëttwochmoien.

Eis passéiert eng “maskéiert Kalfront”. Et handelt sech an dësem Fall zwar ëmt eng Kalfront, mee duerch eng nach intakt Inversiounswiederlag wäert dës Front haaptsächlech en Afloss op d’Loftmassen hunn, déi iwwert eise Käpp leien, amplaz op eisen direkte Niveau um Buedem. Aus dësem Grond wäert den Impakt vu Nidderschléi bei eis um Buedem nëmme geréng ausfalen, an trotzdem kann et doduderch temporär mol zu glate Stroosse kommen. Vum Mëtten un ass d’Front duerch – dass et dréif bleift, ass awer zimmlech warscheinlech.

E weidert Déif kënnt an d’Spill

Iwwert dem westlechen Alperaum resp. dem Oste vu Frankräich forméiert sech enger Partie Modeller no e Freidemoien eng Déifdrockzon, an där et e Freiden dagsiwwer ëmmer erëm zu Nidderschléi soll kommen. Duerch déi niddereg Temperature kéim de Gros vun dëse Nidderschléi a Form vu Schnéifall erof. Dem aktuelle Stand no kënnen Deeler vun dëser Zon och eis zu Lëtzebuerg erreechen, wat bis an den Owend eran zu Schnéireen a Schnéifall kéint féieren. Wéi gesot: D’Intensitéite wiere net besonnesch nennenswäert, an awer kéint et plazeweis e bësse wäiss ginn.

Ech drécke mech fir de Moment mol nach am Konjunktiv aus, well et ëmmer nach e puer Differenzen tëscht de Modellrechnunge ginn. Sollt sech dat awer weider konkretiséieren, ass och eng méi präzis Beschreiwung geschwënn méiglech.