Ausbléck: Demnächst Hëtztwell méigleg

Nodeems d’Temperaturen de Weekend e bessen zréckgaange sinn, wärt et ab der nächster Woch rem däitlech méi waarem ginn. De meechte Modeller no erwaart eis eng markant Hëtztwell.

Éicht richtëg Hëtztwell vum Joer méigleg

Vum Méinden u fléisse rem waarem Loftmassen op Lëtzebuerg. Den Ënnerscheed: D’Temperaturen aus de leschten Deeg wärten däitlech iwwertraff ginn. Ville Modeller no ass mat Werter vun iwwer 30 Grad ze rechnen. Wéi héich den tatsächleche Maximum leie wärt, ass de Moment awer nach net gewosst.

GFS – 2 Meter Temp. Simulatioun

Animatioun: wxcharts.eu

GFS – 850 hPa Temp. Simulatioun

Animatioun: wxcharts.eu

Temperaturen ëm 35 Grad méigleg

Den amerikanësche Wiedermodell GFS rechent déi héchst Temperature vir déi nächst Woch. Och aner Modeller si mat hiere Simulatioune net wäit vunenee fort – bis zu 35 Grad an driwwer sinn a Mëtteleuropa méigleg. Hei de Verlaaf vun den Temperaturen, entholl vum aktuelle Modelllaaf (Werter korrigéiert. Am Summer rechent de GFS gären e bessen ze niddrëg, soudass een e puer Grad droprechne muss, vir un déi potenziell tatsächlech Temperatur runzekommen):

Nodeems d’Temperaturen iwwert de Weekend e besse gefall sinn, klamme se um Méinde rem op gutt 27 bis 31 Grad. Vum Dënschden u klammen d’Temperaturen Daag vir Daag weider, sou gi schon 28 bis lokal 33 Grad ereecht, wa net all ze vill Wollécken iwwert den Himmel zéien. De Mëttwoch verleeft ongeféier d’selwecht, d’Temperature wärte nëmme minimal méi héich klammen.

Ab dem Donnëschde ginn déi héchst Temperature berechent: Am direkte GFS Output sinn 28 bis 31 Grad dran, korrigéiert sinn daat Werter vun ëm déi 34 Grad. Um Freide sinn 31 bis 33 Grad am Output dran, waat tatsächleche Werter vun 33 bis 36 Grad entsprieche géif. Féiert Iech awer virun Aen: Et ass nach eng Woch bis dohinner. Ët kënnen dementspriechend nach Ännerungen optrieden.

Den amerikanësche Wiedermodell ass net den eenzëgen, deen dës héich Temperaturen a soumadden eng éicht markant Hëtztwell komme gesäit. Ënnert anerem och den europäëschen ECMWF rechent mat Werter, déi d’30 Grad bei wäitem iwwertreffe wärten. Wann een d’Moyenne vun de gängëge Modeller hëllt, ass et guer net mol sou onwahrscheinlech, dass et tatsächlech extrem warem a Mëtteleuropa gëtt.

Während der ganzer Hëtztperiod ass Reen éichter onwahrscheinlech. D’Biedem wärten ausgedrëchent sinn, soudass och de Risk vu Bësch- oder Flächebränn klamme wärt. Passt dohier dementspriechend op d’Natur op.

Iwwersiicht Temperaturen & Nidderschléi

Vir ze verdäitlechen, wéi héich d’Wahrscheinlechkeet ass, dass et zu héigen Temperature kënnt, hei den GEFS Ensemble. D’Temperature wärte vum 23. Juli bis de 27. Juli Dag vir Dag e Stéck méi héich klammen. Duerno ginn d’Linne méi wäit auserneen, waat heecht, dass den dropfolgenden Temperaturverlaaf net méi sou sëcher ass. E puer Membere no wärten d’Temperaturen dann iwwert e puer Deeg um selwechte Niveau bleiwen, anerer sinn awer der Meenung, dass se da rem liicht zréckginn. Am grousse Ganzen ass d’Hëtztwell awer als zimmlech wahrscheinlech anzestufen. D’Temperature wärte bis un d’Enn vum Ensemble, also bis den 3. August, meechtens bei 5 bis 8 Grad iwwert der 30-Joeres-Moyenne leien.

Wahrscheinlechkeeten unhand vun Ensemblen erausfannen

En Ensemble besteht aus engem Haaptlaaf souwéi och engem Kontrolllaaf vun engem bestëmmte Modell (an dësem Fall GEFS). All déi aner Linnen déi ofgebild sinn, si sougënannt “Memberen”, also aner méigleg Léisungen. Vun deene Léisunge ginn et beim GEFS 21 verschiddener. Vir et liicht ze erkläre kann ee soen, dass all Member eng Meenung duerstellt. Ginn déi eenzel Linne (Memberen / Meenunge) wäit auserneen, ass d’Prognos vir deen Zäitraum als méi onsëcher oder och als ganz onsëcher anzestufen. Si se awer all no beienee, besteht eng grouss Averständnis. Soumadden ass d’Antreffe vun enger bestëmmter Wiederlag ganz wahrscheinlech.

GEFS Ensemble

Grafik: meteociel.fr