Fir de Méinde kënnegt sech iwwer Mëtteleuropa eng éischt summerlech Donnerwiederlag un. Et kann zu Staarkreen, Knëppelsteng a kräftegem Wand kommen.
Oflaf
Waarm Loftmassen hu sech iwwert dem mëtteleuropäesche Kontinent breetgemaach. Duerch e klengt Déifdrockgebitt, wat um Sonnden iwwert dem nordwestleche Frankräich läit/louch, kënnt Fiichtegkeet an d’Spill. Dës fiicht Loftmassen treffen op déi méi waarm Loftmassen a suergen domat eng éischt Kéier fir e méi schmeiert Wuelbefannen. Dës Konstellatioun suergt schonn um spéidere Sonndenomëtten fir eenzel Donnerwieder iwwert dem zentralen a westleche Frankräich. A Richtung Nuecht verlagert sech d’Aktivitéit a Richtung Nordoste virun, schwächt sech awer normalerweis staark of ier et bei eis ukënnt.
Um fréie Méindevirmëtte reaktivéiert sech déi donnerwiederufälleg Zon – iwwerdeems eist Déifdrockgebitt mëttlerweil iwwert dem nordwestlechen Däitschland läit, huet sech eng Konvergenzzon entwéckelt. Un dëser Konvergenzzon entstinn ëmmer erëm nei Schaueren an Donnerwieder, déi sech vum fréie Méindevirmëtten un vum nordëstleche Frankräich & BeNeLux-Raum a Richtung Südwesten, Westen a Nordweste vun Däitschland ausbreeden. Déi gréisst Gefor vun tatsächlech onwiederaartege Phänomener besteet am Laf vum Dag haaptsächlech iwwer Deeler vum Weste vun Däitschland & och der Mëtt. Schonn um Owend hëlt d’Aktivitéit ëmmer méi of a verzitt sech a Richtung Osten a Nordosten aus Däitschland eraus.
Zu Lëtzebuerg besteet déi gréisst Donnerwiedergefor vum Virmëtten un bis an de fréie Nomëtten eran, d’Intensitéite sollte sech a Grenzen halen. Natierlech wäert och nach laang net jiddereen eppes dovu matkréien.