Ausbléck: Den éischte “Modell-Schnéi” fir Lëtzebuerg! – Wat huet dat ze bedeiten?

Eng immens spannend Wiederlag steet un. Nodeems mir e Samsden e Bléck drop gehäit haten, gëtt et elo Zäit fir en Update a Saache Schnéi.

Advertisement

Loftmassegrenz kënnt

An Tëschenzäit sinn déi meescht Modeller der Meenung, dass sech Enn der Woch eng Loftmassegrenz iwwer Mëtteleuropa opbaut. Un dëser Loftmassegrenz drécke mëll Loftmassen aus dem Südwesten op fréiwanterlech Loftmassen aus dem Nordosten. Genee un dëser Grenz forméiere sech Nidderschléi, déi un der Nordsäit wuel als Schnéi wäerten erofkommen, iwwerdeems et sech un der Südsäit ëm Reen handelt. Wou genee dës Loftmassegrenz wäert leien, ass awer nach net ganz kloer. Mir ginn elo déi am Moment zwou méiglech Varianten duerch.

Variant 1, Schnéi iwwer Norddäitschland

Wann ee sech all d’Modeller ukuckt, déi bis de Weekend inclus rechnen, da fällt engem op, dass déi meescht dovun domat rechnen, dass sech d’Loftmassegrenz iwwert der nërdlecher Hallschent vun Däitschland soll positionéieren. An dësem Fall géif se op enger Sträif vu Brandenburg, dem Norde vu Sachsen-Anhalt an der nërdlecher Hallschent vu Niedersachsen leien. Déi kill Loftmasse géifen an dësem Fall och déi restlech méi wäit nërdlech geleeë Géigenden iwwerdecken.


Déi éischt Variant, mat enger Sträif aus enger éischter esouguer méi décker Schnéicouche fir Norddäitschland | Grafik: wxcharts.com

Dëst gesot, rechent den europäesche Wiedermodell an der Nuecht op de Samsde mam Asetze vum Schnéifall. De Nidderschlag gëtt aus Südwesten hier a Form vu Reen widdert déi kill Loftmasse gedréckt a geet un der Grenz zu de kille Loftmassen a Schnéifall iwwer. Esou sollen dem genannte Modell no bis an de Samsdenomëtten eran tëscht 6 an 10 cm Schnéi zesummekommen, iwwer Deeler vum nordëstleche Niedersachsen a nordwestleche Sachsen-Anhalt wieren esouguer méi wéi 15 cm net ausgeschloss.

Variant 2, den éischte Schnéi zu Lëtzebuerg

Déi zweet Variant berout méi um amerikanesche Wiedermodell. An de leschten Deeg huet dësen ëmmer erëm mol berechent, dass d’Loftmassegrenz méi wäit südlech verleeft. Esou géifen d’Nidderschléi, déi jo zesumme mat de méi waarme Loftmassen aus dem Südweste kommen, guer net esou wäit a Richtung Norde virukomme, well se schonn éischter vun de kille Loftmassen zréckgehale ginn.


Déi zweet Variant, mat enger liicht manner markant ausgepräägter Sträif mat Schnéi | Grafik: wxcharts.com

Sollt sech dës Variant duerchsetzen, da wier vum spéidere Samsdenowend un bis an de fréie Sonnden eran op enger Sträif, déi sech iwwert d’Mëtt vun Däitschland zitt, mat Schnéifall ze rechnen. Mat dozougehéiere gouf haaptsächlech d’Nordhallschent vu Lëtzebuerg, Deeler vun der Belsch mee awer och Sachsen, de Süde vu Sachsen-Anhalt esouwéi de Süde vu Brandenburg.

Op dëser Sträif verdeelt rechent de Modell mat Quantitéite vun tëscht 4 a 16 cm Schnéi, a Richtung Lëtzebuerg tendenziell ëm 5 cm.

Fazit

Wéi eng Léisung vun den zwou et am Endeffekt gëtt, ass nach guer net esou kloer. Well déi meescht Modeller awer éischter zur éischter Variant tendéieren, ass dës logescherweis och en Tick méi warscheinlech. Mir bleiwen zesummen um Ball a kucken, wat déi nächst Berechnungen esou erginn.