Ausbléck: Den Héichsummer kënnt zréck op Lëtzebuerg

Meteorologesch gesi si mir zwar schonn am Hierscht, mee do muss sech d’Wieder net onbedingt drun halen. An de nächsten Deeg klammen d’Temperaturen erëm e gutt Stéck a kéinte souguer nach eng Kéier bis an den héichsummerleche Beräich eragoen.

Spéitsummer in the making

Vum Weekend u baut sech héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa op a wandert bis de nächsten Dënschde méi wäit an den Osten. Zu dësem Zäitpunkt läit de Kär dann méi oder manner iwwert der Urkaine, iwwerdeems en Déifdrockgebitt westlech vu Frankräich a knapp südlech vun de britteschen Inselen läit. Duerch dës Konstellatioun gi waarm bis héichsummerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Géigende gedroen, wouduerch d’Temperaturen heiheem zu Lëtzebuerg nach eng Kéier an den héichsummerleche Beräich klamme kéinten.


D’Grousswiederlag fir Ufanks der nächster Woch, duerch déi d’Temperaturen däitlech klamme wäerten.

Dem aktuelle Stand no klammen d’Temperaturen um Freiden op Maximalwäerter vun 22 bis 27 Grad, genee wéi och um Samsden. De Sonnde soll mat 23 bis 28 Grad schonn e klengt Stéckche méi waarm ginn, ier sech de Changement vum Méinden un däitlech besser bemierkbar mecht. 28 bis 33 Grad stinn um Programm, och um Dënschde si 27 bis 33 Grad net ausgeschloss. E Réckgang soll eis dann um Mëttwoch erwaarden, wou d’Wäerter nach e Maximum vun 22 bis 27 Grad areeche kënnen.

Bis d’Temperaturen erëm zréckginn, ass net mat nennenswäerte Nidderschléi ze rechnen. Um Mëttwoch besteet aus aktueller Siicht gesinn e klengen Donnerwiederrisk, mee ob do wierklech eppes erofkënnt ass nach déi grouss Fro.