Ausbléck: D’Entwécklung vum Wand an de nächsten Deeg

De Changement, mat dem mir et de Moment ze dinn hunn, hu mir Stuermdéifer ze verdanken. Mir hunn zwar kee Stuerm, an awer weist sech de Wand doduerch spierbar. Mir geheien e Bléck op déi nächst Deeg.

Advertisement

E leftege Freide, mee wéi geet et weider?

Haut um Freide mierke mir ëmmer erëm, dass de Wand gutt spierbar ënnerwee ass. Am Wiederstatiounsnetz vu Kachelmannwetter trieden ëmmer erëm Spëtzte vu knapp iwwer 50 km/h op – spierbar, mee awer kee Stuerm. Och an de nächsten Deeg bleift de Wand en Thema, phaseweis kann en och nach en Tick méi séier ënnerwee sinn.


D’Entwécklunge fir de Samsden dem däitschen ICON-Modell no | Grafik: wxcharts.com

Muer um Samsden erwaart eis e weidere leftegen Dag, deen deelweis och mol liicht stiermesch Wandvitessen zouloosse kéint. De Modeller no sinn an de Spëtzte Wäerter bis 60 km/h ze erwaarden, den däitschen ICON wëll esouguer Vitesse bis ëm 70 km/h op de Koppe net ganz ausschléissen. Dës Wäerter sinn awer keen Dauerzoustand, se si méi rar. E Sonnde bleift de Wand och weider aktiv, packt et just net méi op esou “héich” Wäerter. Mir si bei tëscht 30 a 50 km/h an de Spëtzten ënnerwee.

An der neier Woch ass de Wand mol nach zäitweis spierbar ënnerwee, mee manner markant wéi elo an de nächste Stonne resp. de Weekend.