Ausbléck: Dëst sinn di viraussiichtlech Reequantitéite bis de Méindemoien

An der vergaangener Nuecht huet et plazeweis schonn méi laang unhalend gereent. No enger klenger Paus de Weekend iwwer kéint eis eng änlech Situatioun erëm an der Nuecht op de Sonnde bevirstoen.

Firdéischt denkt Dir Iech bestëmmt: “Moment, de Moment gëtt geschriwwen de Weekend selwer géif et net sou vill reenen”. D’Saach ass déi: e groussen Deel vun den hei genannte Reequantitéite si schonn fir dës Nuecht resp. haut de Moie fälleg gewiescht, se sinn also deels scho gefall. De nächste Coup gëtt et warscheinlech an der Nuecht op de Sonnden. Dës zwou Phasen zesummen erginn déi ofgebild deels gréisser Reequantitéiten.

Zesumme mat dëser Erkläerung berechent den amerikanesche Wiedermodell GFS Quantitéite vun tëscht 7 a 14 l/m². Den europäeschen ECMWF huet däitlech gréisser Zuelen an der Simulatioun an ass mat 19 bis 30 l/m² dobäi.

De franséischen ARPEGE berechent tëscht 22 a 35 l/m², den däitschen ICON 17 bis 36 l/m².

Fazit: Wéi gesot, ass schon en Deel vun dëse Quanttiéiten an de leschte Stonne gefall. Haut gëtt et am Laf vum Dag méi dréchen an och muer um Samsden ass de Reen kee gréissert Thema. De Sonnde reent et vum spéidere Nomëtten/Owend un, dat duerch eng Kalfront. Wéi d’Modeller et de Moment gesi, kann et dann erëm groussflächeg zu gréissere Reequantitéite kommen.

Wéi sech d’Wieder de Weekend iwwer entwéckelt, fannt Dir an der fonkelneier Iwwersiicht zu de Wiederprognosen