Ausbléck: D’Hotspots mat de gréisste Reequantitéiten iwwer Europa bis Mëtt der Woch

Och wann eis d’Thema Reen geschwënn zu den Oueren erauskënt, ass hei en Update zu de Reequantitéiten am Ausland. Zu den Hotspots gehéiere weiderhin Deeler vu Spuenien, Portugal, Frankräich an Italien – plazeweis kënnen alleng bis e Méinden iwwer 150 l/m² erofkommen.

Advertisement

D’Situatioun

De Reen ass mëttlerweil net méi ewechzedenken an d’Héichdrockgebitter hunn a nächster Zäit kaum Chancen, sech duerchzesetzen. Doduerch geet et riicht virun mat der immens naasser Wiederlag iwwert dem Gros vun Europa. An dësem Artikel befaasse mir eis haaptsächlech mat den Hotspots, wat d’Reenzommen ugeet.

Spuenien & Portugal

Fänke mir bei de Portugisen a Spuenier un, wou alleng bis de Méindemoie Mëtternuecht iwwer 100 l/m² wäerten erofkommen. Besonnesch betraff sinn a Portugal all d’Géigenden, déi nërdlech vu Viseu leien. Tëscht Viseu, Porto an Braganca ass mat Quantitéite vun tëscht 50 an 80 l/m² ze rechnen. Am Beräich Arco de Baulhe, Campos, Rio Caido, Germil an Arcos de Vaidevez läit en Hotspot mat 100 bis 125 l/m². En zweete gëtt et méi wäit am Nordosten, direkt un der Grenz zu Spuenien. Dëse läit knapp nërdlech vu Vinhais, Paramio, Moimenta an zitt sech bis a Spuenien eran bis op Castrelos. Knapp iwwer 100 l/m² sinn dran.


Déi viraussiichtlech Reequantitéite fir de Norde vu Portugal a Spuenien laut ECMWF bis e Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Wa mir schonn bei Spuenie sinn, bleift ze soen, dass och d’Regioun ronderëmt Pontevedra méi wéi 100 l/m² Reen bis e Méindemoie fréi ze erwaarden huet.

Verlängere mir de Prognose-Raum bis de Mëttwoch inclus, dann sinn iwwert dem äusserste Norde vu Portugal, direkt un der Grenz zu Nordwest-Spuenien, tëscht 200 an 240 l/m² ze erwaarden.

Frankräich

Iwwer Frankräich ass et generell zimmlech naass. Bis e Mëttwoch sinn nërdlech vu Granville a südlech vu Cherbourg-Octeville an der Normandie bis zu 150 l/m² Reen ze erwaarden. En zweeten Hotspot läit méi wäit a Richtung Südwestfrankräich, bei Royan, Saintes, Rochefort a La Rochelle am Département Charentes-Maritime. Direkt un der Küst an iwwert dem Waasser sinn tëscht 100 an 140 l/m² dobäi.


Déi viraussiichtlech Reequantitéite fir Frankräich bis e Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Knapp westlech vun Aubenas am Département Ardèche an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes sinn bis zu 120 l/m² méiglech.

Italien

Gi mir eriwwer an Italien, da weisen d’Modeller mol direkt, dass et besonnesch iwwert dem Norden a Nordosten am meeschte reent. En Hotspot läit awer genee iwwer La Spezia, Massa an Viareggio, wou tëscht 200 an 270 l/m² berechent ginn.


Déi viraussiichtlech Reequantitéite fir Italien bis e Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

An dësem Artikel hu mir eis just déi gréisst berechent Reequantitéiten ugekuckt. Generell gëtt et nach immens naass iwwert dem Gros vun Europa, tendenziell erwëscht et de Westen am meeschten.


Déi viraussiichtlech Reequantitéite fir Europa bis e Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com