Ausbléck: Di naass Momenter bleiwe bis den Donneschden inclus

Et ass erëm Zäit e Bléck op d’Reequantitéite fir déi nächst Deeg ze geheien. Och dës Kéier komme mir net dréchen doduerch.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Freide mat mat Akkumulatioune vun tëscht 10 a 14 l/m², déi niddregst Wäerter dovu sollen am Süde vum Land mee awer och am Nordwesten optrieden. Den europäeschen ECMWF gesäit dat änlech, ënnerscheed sech awer a Punkto Minimalwäert ëmt eng gréisser Zuel. Tëscht 4 a 17 l/m² sollen erofkomme kënnen, laanscht de Westen am meeschten an am Südoste vum Land am mannsten.

De franséischen ARPEGE ass mat tëscht 12 an 22 l/m² dobäi, wat déi gréisst Quantitéiten ugeet geet de Bléck erëm a Richtung äusserste Weste vu Lëtzebuerg. Am mannste soll dësem Modell no laanscht den Osten erofkommen. Zu gudder lescht dann nach den däitschen ICON mat 9 bis 13 l/m².

Fir iergendwéi beim Duerchschnëtt erauszekomme, kann ee realistescherweis mat tëscht 8 a 16 l/m² bis an de spéidere Freidenowend era rechnen. Punktuell kann et natierlech erëm zu klengen Differenze kommen. D’Prognose fir déi nächst Deeg fannt Dir ënnert dësem Link.