Zanter gëschter ass et zimmlech schmeier an eise Géigenden. D’Gefill, an enger Zopp ze schwammen, wäert och nach e bëssen unhalen. Dohier wäert eis och d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an Dimmere weider begleeden.
Advertisement
Schmeier Loftmassen & weiderhi Schauer- an Donnerwiederrisk
Schonn gëschter um Dënschden war et mat Taupunkten vu bis zu 22°C richteg schmeier. Den Taupunkt ass, nieft der Ugab vun der relativer Loftfiichtegkeet a Prozent, eng weidere Parameter zur Ermëttelung vun der Fiichtegkeet an der Loft. Wat den Taupunkt méi no un der tatsächlecher Temperatur läit, wat et méi schmeier ass. Aktuell (31.07.2024 – 13:43 Auer) läit den Taupunkt am Land verdeelt tëscht 19 an 22 Grad, iwwerdeems d’Temperature bei 23 bis 26 Grad leien – et ass also immens schmeier. Et fillt sech un, wéi wann een an enger Zopp géif schwammen.
Dës Loftmasse si fir den Donnerwiederrisk verantwortlech, deen mir haut hunn. Wéi Dir et awer an den Artikelen vu gëschter a virgëschter gelies hutt, hunn d’Modeller de Moment immens Schwieregkeeten domat, fir d’Situatioun richteg anzeschätzen. Et ass haut um Mëttwoch awer nach méiglech, dass sech am Nomëtten an och um Owend an enger Sträif vum nordwestleche Frankräich bis an de Nordosten eran kräfteg Dimmere forméieren. Dës Zon zitt sech och nach a Baden-Württemberg, woubäi déi bescht Viraussetzungen awer laanscht d’Alpen besteet. Nieft extreemem Staarkreen si Knëppelsteng a schwéier Stuermstéiss bis ëm 100 km/h net ausgeschloss.
Ob nach eppes op Lëtzebuerg kënnt, kann aktuell kee Modell richteg beäntferten. D’Potenzial besteet awer, an dohier hale mir d’Situatioun mol weider am Aen. Wa jo, dann wier et haaptsächlech Staarkreen.
Wéi ass et dann mam Donneschden an e Freiden?
Fir muer um Donneschden zeechent sech erëm en änleche Beräich of, an dem Schaueren an Donnerwieder ze erwaarde sinn. En zitt sech vu Nordfrankräich iwwert d’Belsch, Lëtzebuerg, Südholland bis an Däitschland, Schwäiz an Eisträich eran. Dir mierkt: Et ass erëm en immens grousse Beräich.
Innerhalb vun dësem Beräich kënnt et just PUNKTUELL zu de nennenswäerte Phänomeener. Do, wou sech eppes kräfteges entlued, kann et zu grousse Reenzommen a kuerzer Zäit kommen. Iwwerschwemmunge si net ausgeschloss.
E Freide ginn d’Loftmassen e bësse manner schmeier, mee fir Lëtzebuerg ginn et ëmmer nach eenzel Signaler fir punktuell begrenzt Dimmeren. Et ass gutt méiglech, dass dës awer just eng Ausnam bleiwen an et soss meeschtens sonneg ass bei just e puer wéinege Wolleken, déi duerchzéien.
Fir de Weekend stabiliséiert sech d’Loftmass an et sinn héchstens nach e puer eenzel a schwaach Schaueren dran. Soss wiessele sech Sonn a Wolleken of. Vun den Temperaturen hier lande mir bei ronderëm 25 Grad.