Ausbléck: D’Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus

Wéi vill Reen ass an de nächsten Deeg ze erwaarden? A wéini reent et am warscheinlechsten?

De Moment, wou et an de nächsten dräi Deeg am warscheinlechste reene wäert, wäert viraussiichtlech vum Dënschdenowend bis an de fréie Mëttwochmëtten era sinn. E Frontesystem kënnt eis aus Nordweste méi no a passéiert eis. Haut um Méinde bleift et awer nach dréchen.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Mëttwochowend mat Quantitéite vun tëscht 6 an 11 l/m², de meeschte Reen soll dobäi am Südoste vum Land erofkommen.

Den europäesche Modell ass mat 3 bis 6 l/m² dobäi. Am Gros vum Land soll et fir 3 l/m² duergoen, de meeschte Reen soll dëser Berechnung no awer am Nordweste vum Land ze erwaarde sinn.

De franséischen ARPEGE ass wat de Reen betrëfft zimmlech minimalistesch ënnerwee a rechent grad emol mat 0 bis 2 l/m². Den däitschen ICON ass mat 6 bis 11 l/m² erëm méi optimistesch dobäi a rechent de “Schwéierpunkt” vum Reen fir d’Osthallschent vum Land.

Ëm 6 l/m² sollten op ville Plazen definitiv bis un de Schluss vun der genannter Zäitspan erofkomme kënnen. Gréisser Differenze sinn awer och dës Kéier net auszeschléissen.