Ausbléck: D’Temperature schaffe sech a Richtung 15 Grad an driwwer

Bis ewell war d’Wieder zwar schéin, mee och zimmlech kill. Dëst kéint sech awer schonn geschwënn änneren: an der zweeter Wochenhallschent kéint et op 15 Grad an och mol liicht driwwer goen.

Zoufuer vu kille Loftmasse gëtt ënnerbrach

Déi kill Loft haate mir elo an de leschten Deeg besonnesch enger ëstlecher bis nordëstlecher Stréimung ze verdanken, duerch déi polar Loftmassen aus Russland hire Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn. Bis Mëtt der Woch bleift dëst nach esou, duerno stellt sech d’Stréimungsmuster lues awer sécher zimmlech ëm. Mir geroden méi ënnert eng südwestlech Stréimung – dëst bedeit zwar méi Wolleke fir eis, mee awer och méi héich Temperaturen.


Ëmstellung op eng südwestlech Stréimung steet un | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Heescht elo konkret: bis de Mëttwoch inclus kann et zumools an de fréie Moiesstonne mat tëscht -7 a -1 Grad nach zu deels méi strengem Frascht kommen. An den Deeg drop sinn d’Temperaturen an de Fréistonnen zwar weiderhi no um Gefréierpunkt ënnerwee, mee definitiv net méi esou déif. Dat wierklech Interessant un der Saach sinn awer d’Dagestemperaturen: géif et den aktuelle Berechnunge nogoen, dann hätte mir um Mëttwoch selwer am Laf vum Nomëtte schonn tëscht 11 an 13 Grad ze erwaarden. Bei dëse Wäerter hale mir awer nach net op, um Donneschde kéinten dann schonn 12 bis 15 Grad mat dobäi sinn. Sollt dës Phas unhalen, wieren um Freiden 13 bis 16 Grad net ausgeschloss an och um Samsde wiere mir weiderhi mat 11 bis 15 Grad dobäi.

Wéi awer schonn gesot: et géif dann wuel méi waarm ginn, allerdéngs géif den Héichdrockafloss duerch déi südwestlech Stréimung awer och e bësse gedämpft ginn. Et wiere méi Wolleken ënnerwee, zäitweis besteet dann och eng kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet. Gréisser Quantitéite sinn awer och keng a Siicht.