Ausbléck: Duerch dësen Zenario kéim de Summer esou richteg, mee och den Donnerwiederrisk

Sollt sech dat Muster duerchsetzen, wat de Moment an de Kaarten ze fannen ass, da kéint et geschwënn nach däitlech méi waarm ginn – inkl. Risk vun Donnerwieder.

Advertisement

Komplett Ëmstellung vun der Grousswiederlag méiglech

De Moment hu mir dat schéint Wieder engem Héichdrockgebitt ze verdanken, wat mat sengem Kär e Stéck westlech vun de britteschen Inselen läit. An de nächsten Deeg breet et sech ëmmer méi wäit an den Osten aus, wouduerch Déifdrockgebitter erëm d’Chance kréien an eist Wiedergeschéien anzegräifen.

Et ass zwar nach keng sécher Prognos, mee einfach mol als e méiglechen Trend unzegesinn: D’Modeller spillen vu ronderëmt de 5. Juni un mat der Iddi, dass sech en Déifdrockgebitt vun Afrika hier soll westlech u Portugal a Richtung Norde beweegen. Doduerch kéint et sinn, dass sech d’Wiederlag bis den 10. Juni komplett ëmstellt – dat duerch héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Weste läit. Wat doduerch zustaane kënnt, wier en typescht Muster vu waarmem bis hëtzegem Summerwieder. Wat een awer net vergiessen dierft wier awer och de Risk vun Donnerwieder, deen duerch d’Fiichtegkeetszoufuer aus Westen och géif mat an d’Luucht goen.


Déi méiglech Ëmstellung fir Ufank Juni | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Tëscht dem 7. an dem 11. Juni wëll den amerikanesche Modell GFS Maximaltemperature vu knapp 30 Grad a liicht driwwer net ausschléissen. Den europäesche Modell ass esouguer nach méi optimistesch a gesäit sengem rezente Laf no méi groussflächeg bis ëm 32 Grad op eis duerkommen.

Donnerwieder géife net laang op sech waarde loossen

Duerch déi südwestlech Stréimung wieren dës Loftmasse net nëmme waarm, mee och schmeier. Iwwer Mëtteleuropa géif also dem no och de Risk vun Donnerwieder däitlech an d’Luucht goen – wat also och typeschem Summerwieder géif entspriechen.

Wéi sécher sinn dës Aussiichten?

Wéi gesot, handelt et sech heibäi zwar net ëmt eng Prognos, mee méiglecherweis awer ëmt den Ufank vun engem neien Trend an de Modellkaarten. Et däerf een also gespaant sinn, ob déi nei Kaarte vun de Modeller ëmmer erëm an d’Richtung vun dësem Zenario ginn oder net. Wa jo, da géif eng komplett Ëmstellung vun eiser Wiederlag a Richtung richtege Summer ëmmer méi warscheinlech ginn.