Wéi et fir e Wanter typesch ass, kann eis deemnächst och erëm eng méi lëfteg a fläit esouguer stiermesch Zäit ustoen.
Advertisement
Stramm westlech Stréimung méiglech
Am Artikel virun dësem hu mir eis mat de Reenzommen fir d’nächst Woch beschäftegt, déi deemno wéi zimmlech markant kéinten ausfalen. Grond dofir ass d’Ëmstellung op eng Westwiederlag, déi awer och a Saache Wand kéint fir Opmierksamkeet suergen. Duerch déi westlech Stréimung kéime jo nämlech ëmmer erëm Frontesystemer an Déifdrockgebitter vum Atlantik hier eragezunn, déi Lëtzebuerg deemno wéi mat hirer stiermescher Säit kéinten erwëschen.
Ginn et schonn konkret Iddien?
Ëmmer erëm si Berechnungen dobäi, déi net nëmmen e lëftege Wand gesi komme, mee esouguer e stiermeschen. Tendenziell klëmmt d’Warscheinlechkeet dofir vu Mëtt der Woch un ëmmer méi.
Den amerikanesche Modell gesäit fir e Mëttwoch eng éischt Kéier Vitesse vu ronderëmt 60 km/h, en Donneschde wieren aus aktueller Siicht gesinn 75 km/h méiglech. Fir e Freiden ass an den aktuelle Rechnungen eng méi markant Léisung dran,m dat mat Vitesse vu knapp iwwer 80 km/h. E Samsden an e Sonnden wier et dësem Modell no awer méi roueg.
Den europäesche Modell gesäit fir en Dënschde schonn e spierbare Wand bis 50 km/h, e Mëttwoch wiere punktuell 60 km/h net ausgeschloss. En Donneschde wieren d’Vitessen erëm bei tëscht 50 a 60 km/h ënnerwee, d’selwecht och e Freiden. Fir de Weekend wëll dëse Modell e méi markanten Ofschnëtt mat Stuermstéiss bis ëm 85 km/h net ausschléissen.
Wéi aussokräfteg ass dat elo schonn?
Et soll een et nach net 1:1 huelen – et weist just eng Richtung/Tendenz. Et gëtt ganz warscheinlech méi lëfteg, fläit esouguer stiermesch. U wéi engen Deeg d’Vitessen awer exakt wéi héich leie, muss ofgewaart ginn. Op alle Fall gesäit et aus synoptescher Siicht gesinn esou aus, wéi wann et an der zweeter Wochenhallschent e puer mol dozou komme kéint, dass verschidden Déifdrockgebitter/Randdéifer mat hire Käre knapp nërdlech un eis kéinte laanschtzéien, wat eis eben an déi Situatiounen, déi mir uewe beschriwwen hunn, géife bréngen.