Dat lescht Joer ass ze waarm op en Enn gaangen an och elo ginn d’Temperature net duer, fir dass de Schnéi eng Chance huet. Nach…
Changement dréckt Schnéichancen an d’Luucht…
… an dofir musse mir mol guer net esou wäit kucke goen. Iwwerdeems eis haut a muer um Dënschden e Randdéif mat vill Reen passéiert, mécht sech iwwert dem skandinavesche Raum schonn en Déifdrockgebitt dofir prett, kill a fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg ze schécken. Dat an enger éischter Phas awer nëmme fir e kuerze Moment. De 29. Dezember hate mir eng éischt Kéier aus spekulativer Siicht op dësen Zäitraum gekuckt.
Den aktuelle Modellrechnunge no besteet schonn um Dënschdenowend d’Warscheinlechkeet vun e puer Flacken. D’Randdéif verléisst eis um Dënschdenowend nämlech, et kënnt also zu de leschte Nidderschléi bei eis. Iwwerdeems dat de Fall ass, gerode schonn däitlech méi niddereg Temperaturen an eis Géigenden – dëst féiert dann dozou, dass dës lescht puer Nidderschléi besonnesch am Norden als Schnéireen oder Schnéi erofkomme kënnen. Eng laang Affaire gëtt dëst awer net, well et jo séier méi dréche gëtt. De Risk vu glate Stroosse geet trotzdeem an d’Luucht, well déi kill Loftmassen awer bleiwen – an dëst net nëmmen am Norden.
Vun de Quantitéiten hier ass näischt gréisseres ze erwaarden – esouguer am Norden ass et meeschtens, wann iwwerhaapt, just en dënne Flom.
Um Mëttwoch leet sech héije Loftdrock iwwert den Ostatlantik, iwwerdeems iwwer Skandinavien ëmmer nach en Déifdrockgebitt läit. D’Zoufuer vu killen a fiichte Loftmasse bleift also weiderhin intakt, soudass och wärend dem Mëttwoch eenzel Nidderschléi a Form vu Schnéireen an eenzelne Flacke net ausgeschloss sinn. D’Quantitéite sinn dobäi awer net der Ried wäert.
Um Donneschden ass vum fréie Moie bis an den Owend eran héije Loftdrock um Wierk, ier aus Westen e Frontesystem erandréckt. Dëse Frontesystem dréckt Nidderschléi an eis Géigenden a soumat a Loftmassen, déi kal genuch sinn, dass et an der Nuecht op de Freide fir Schnéifall duergoe kann. Dem europäesche Wiedermodell ECMWF no sollen dobäi tëscht 1 a 5 cm Neischnéi erofkommen, den amerikanesche Modell GFS rechent op de Koppe mat héchstens ëm 4 cm an am Rescht vum Land mat näischt bis hin zu engem dënne Flom bis hin zu 1 cm – op mannst mol aus aktueller Siicht gesinn.
Dësem Modell no soll eis um Samsden e méi décke Schnéibatz mat bis hin zu 10 cm Schnéi erwaarden, den ECMWF wëll dovun awer allerdéngs nach näischt wëssen. Et gëlt also ofwaarden – allerdéngs mam Gewëssen, dass et a Saache Schnéi definitiv nach net gelaf ass.