Ausbléck: D’Wieder schléit ëm – Wand a Reen kommen zréck

Ier mir e Méinde natierlech méi genee op de Verlaf vun der nächster Woch aginn, hei schonn mol e klenge Sneak Peek.

Advertisement

Ëmstellung vun der Grousswiederlag

Nodeems eisen Héichdrockafloss schonn an dëser Woch ëmmer erëm an d’Knéie gezwonge gouf, soll en elo demnächst definitiv a sech zesummefalen. Vum Méinden un ass mat Duerchgäng vu Frontesystemer ze rechnen, déi eis Reen mee och Wand op Lëtzebuerg bréngen. Eis Temperature wäerten doduerch och e Réckgang maachen, an de Nuechte sinn och fraschteg Temperaturen erëm net ausgeschloss. Och a Richtung Enn der Woch solle mir ënner Déifdrockafloss leie bleiwen, well e gréisseren Déifdrocksystem vum nërdlechen Atlantik eriwwer a Richtung Osten zitt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

De viraussiichtleche Verlaf

E Méinde si schonn vill Wolleken ënnerwee, et sollt awer bis an de spéideren Dag eran undauere, bis aus Westen tatsächlech déi éischt Nidderschléi eragezu kommen. Aus dem momentane Stand eraus wier en Dënschde plazeweis mat e puer lokale Schaueren ze rechnen, ier dann virun allem vum spéideren Owend un erëm groussflächege Reen op eis duerkënnt. Besonnesch dem europäesche Modell ECMWF no kéint dësen e bësse méi kräfteg ausfalen. E Mëttwoch selwer geet de Reen no a no an de Schauermodus iwwer, bei dem och sonneg Momenter méiglech wieren. En Donneschde wier en typeschen Abrëllswieder-Dag mat Sonn, Wolleken a Schnéireen-, Reen- a Graupelschaueren. E Freide wier et dagsiwwer zwar wollekeg mee meeschtens dréchen, um Owend kéim weidere Reen op.

Mir mierken also aus dem momentane Stand eraus, wéi sech de Groussdeel vum Nidderschlag scheinbar op déi spéider Owesstonnen esouwéi och op d’Nuecht konzentréiere géif.

A wéi ass et mam Wand?

Duerch d’Déifdrockaktivitéit ass de Wand generell méi aktiv wéi an de leschten Deeg. Virun allem de Mëttwoch schéngt momentan erauszestiechen, dat mat potenzielle stiermesche Wandstéiss vun ëm 70 km/h. E weidere Kandidat kéint de Freide sinn, mee et ass am Allgemenge nach vill ze laang bis dohin fir schonn genee Aussoen ze maachen.


Eng Momentopnam vun der Berechnung fir e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com