Ausbléck: D’Woch am Schnellduerchlaf

Iwwert de Stuerm-Risk hu mir schonn e puer mol geschwat, mee wéi gëtt et dann eigentlech ganz dovun ofgesinn?

Westwiederlag dominéiert

Eis steet eng variabel Woch un, dat wësse mir an Tëschenzäit – zumools duerch vill Wand wäert sech dat bemierkbar maachen. An dësem Artikel hei befaasse mir eis awer mam Wieder am Allgemengen, am Schnellduerchlaf. Informatiounen iwwer d’Stuermpotenzial fannt Dir hei oder hei.

Muer um Dënschden ass et meeschtens gro, déi bescht Chancen op den een oder anere kuerze sonnege Moment ginn et am Virmëtten. Am weidere Verlaf vum Dag gëtt d’Wollendecken ëmmer méi kompakt, ier et vum Owend un reent. 5 bis 8 Grad stinn un. Um Mëttwoch reent et bis an de Nomëtten eran, ier et erëm e bësse manner oft naass gëtt. 8 bis 12 Grad. Um Donneschde solle sech Sonn a Wolleken ofwiesslen, sou gesinn et déi aktuell Modellkaarten. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 an 13 Grad. Um Freiden ass et meeschtens bedeckt, vum Nomëtten u kënnen e puer Schaueren optrieden. 8 bis 12 Grad. De Samsden zéien e puer méi déck Wolleken duerch, heiansdo gëtt et kuerz sonneg. Vum Owend u mécht sech Reen breet. Um Sonnde soll et spéitstens vum Nomëtten u groussflächeg reene bei 8 bis 10 Grad.