Ausbléck: E Freide kéinten déi éischt Donnerwieder vum Fréijoer optrieden

E Freide leeë sech liicht instabil Loftmassen iwwert eis Käpp. Duerch dës triede viraussiichtlech eng Partie Schaueren op, mee och en eenzelt Wieder ass net ausgeschloss. Eng typesch Situatioun wéi am Summer steet awer net un.

Advertisement

Keng Wiederlag wéi am Summer

Jo, e Freide kënnen déi éischt Donnerwieder vum meteorologesche Fréijoer optrieden. Allerdéngs wier dës Situatioun net mat de markanten Donnerwiederlagen ze vergläichen, déi mir reegelméisseg an de Summerméint hunn.

Wéi ugekënnegt, zitt an dëser Nuecht (op de Mëttwoch) e Reegebitt iwwert eis ewech. Wann dëst bis duerch ass, gëtt et am Laf vum Mëttwoch ëmmer méi dréchen. Dëst ass op Héichdrockafloss zréckzeféieren, deen sech mol nach bis an d’Nuecht op e Freide ka bei eis halen. De Reen mécht an där Zäit also eng kleng Paus, mee déi ass net fir laang.

Labil Loftmassen e Freiden

E Freide geet den Déifdrockafloss erëm an d’Luucht, et zitt nämlech eng Kalfront iwwert eis ewech. Doduerch ass am Laf vum Dag dem momentane Stand no ëmmer erëm mat e puer Schaueren ze rechnen, déi a liicht instabile Loftmassen och mol méi kräfteg kënnen ausfalen. Punktuell kënnen dann och mol d’Zutate fir en eenzelt Donnerwieder zesummekommen – mee ausser e frësche Wand a kräftege Reen sollt do net vill dobäi sinn.


Déi aktuell Berechnunge vun den deels kräftege Schauere fir e Freiden | Grafik: wxcharts.com

Et ass ebe nach net déi immens energieräich Loftmass, wéi mir se méi spéit am Fréijoer oder och am Summer ëmmer erëm hunn. Dohier ass keng Onwiederlag ze erwaarden – mee wonnert Iech net, falls et dann awer mol am Laf vum Dag dimmert.

Sollt heizou en Update néideg ginn, da loosse mir Iech dat zäitlech wëssen.