Ausbléck: E Méinde Risk vu punktuell méi kräftege Schliet/Donnerwieder an der Groussregioun

Zumools fir e Méinde ginn et Modeller, déi an enger Sträif vum Nordweste vun Däitschland erof iwwer BeNeLux bis an de Nordoste vu Frankräich eran mat punktuelle méi kräftege Schliet a Form vun Donnerwieder rechnen.

Advertisement

Gréissere Beräich am Fokus

Egal wéi gesinn d’Modeller fir de Méinden eng erhéicht Warscheinlechkeet fir kräfteg Schaueren an Donnerwieder iwwer Mëtteleuropa. Déi eng Variant géif d’Schliet iwwert der Westhallschent vun Däitschland, BeNeLux an och dem Nordoste vu Frankräich gesinn, iwwerdeems eng aner Variant d’Aktivitéit nach e Stéck méi wäit ëstlech gesäit. E Méinde gëtt et méi schmeier, well aus westleche Richtunge méi fiicht Loftmassen entgéintdrécken. Aus dem selwechte Grond besteet schonn e Sonnden eng minimal Warscheinlechkeet fir lokal Schliet, déi awer e Méinden däitlech an d’Luucht geet.

Hei fannt Dir zwou Varianten, déi fir e Méinde berechent ginn:

Grafiken: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Do, wou sech de Méinde Schauer- an Donnerwiederzelle forméiere, kann et als Haaptgefor zu gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit kommen. De Grond dofir ass de schwaachen Héichtewand, deen d’Zelle net wierklech gutt vu Plaz komme léisst – se kënne sech also quasi nëmmen an där Géigend ofreene, wou se och entstaane sinn. A vun de Modellrechnungen hier sinn déi meescht Berechnungen der Meenung, dass déi genannt éischt Variant déi méi warscheinlech ass. Innerhalb vum markéierte Risiko-Beräich ass d’Probabilitéit fir déi kräftegst Schliet am Nordweste vun Däitschland am héchsten, wat awer net heescht, dass et bei eis punktuell méi zolitt Schëdde kann.

Wéi et bei esou Geschichten ëmmer ass, déngt dësen Artikel just als Info am Viraus. Dës Donnerwiederlag bezitt sech op alle Fall bei wäitem net nëmmen op Lëtzebuerg.