Ausbléck: E Mëttwoch gerode mir an den Aflossberäich vun engem Stuermdéif

Nieft dem ville Reen wäert eis dës Woch och nach de Wand beschäftegen. Haaptsächlech e Mëttwoch an en Donneschde kann et eng Nummer méi stiermesch ginn.

Advertisement

Et geet turbulent virun

Een Déifdrockkär nom anere rauscht an de nächsten Deeg knapp nërdlech u Lëtzebuerg laanscht. A wéi dat bei de méi klengen Déifdrockgebitter typesch ass, handelt et sech dobäi méi oft ëmt e Stuermdéif. An dësem Kontext heescht dat, dass an der Nuecht op e Mëttwoch e Stuermdéif mat sengem Kär op déi brittesch Inselen trëfft. Niewebäi gëtt do op ee Neits e gréissert Reegebitt op Lëtzebuerg gelenkt. Primär relevant ass an dësem Artikel awer de Wand, deen domat och an eis Géigende kënnt.


Déi viraussiichtlech Wandspëtzten e Mëttwochnomëtten laut ICON EU-Modell | Grafik: wxcharts.com

Am Laf vum Mëttwoch ass domat ze rechnen, dass Wandvitesse vun tëscht 60 an 80 km/h optrieden, eenzelne Modellrechnunge no kann och mol un den 85 km/h gekrazt ginn. Dës Phas zitt sech viraussiichtlech vum Mëttwochmëtten bis an de spéideren Owend eran. Wann d’Front bis duerch ass, gëtt de Wandn manner staark. Dëst ass net vu laanger Dauer, well en um Donneschden erëm wäert opdréinen – d’Vitesse sollten mat bis ëm 75 km/h awer méi niddereg leien wéi beim Passage virdrun.

Wéi dat mam Wand am Summer esou ass, kënne Beem duerch hir Blieder nach vill méi séier ëmfalen. Aus momentaner Siicht gesinn ass also mat Dreck an de Stroossen ze rechnen, déi zesumme mam Reen och séier kënne schmiereg ginn.