Och déi nächst Deeg iwwer läit de Kär vun engem Déifdrocksystem iwwert de britteschen Inselen, wouduerch ëmmer erëm Randdéifer kënnen e stiermeschen Afloss op Lëtzebuerg huelen.
Advertisement
De Wand bleift en Thema
Haut um Donneschde bléist eis de Wand esou richteg spierbar ëmt d’Oueren, plazeweis gi Stuermstéiss gemooss. Dat alles hänkt mam Orkan CIARÁN zesummen, deen an der Bretagne extreem Orkanstéiss vun 207 km/h generéiert huet. An Tëschenzäit beweegt sech de Stuerm a Richtung Belsch an Holland.
Vum Samsdemoien aus beweegt sech e klengt Randdéif vun de britteschen Inselen hier a Richtung Nordséi, dat bis an de Nomëtten eran. Direkt hannendru kënnt e weidert Randdéif no, wat an dësem Fall bedeit, dass de Samsde wuel och erëm en zimmlech leftegen Dag wäert ginn. Eréischt am Laf vum Sonnde sollt e sech e bësse leeën.
Déi méiglech Entwécklungen
Der Modellauswäertung no erwaarden eis am warscheinlechsten staark bis stiermesch Wandstéiss vun tëscht 50 a 75 km/h – esou gutt wéi nëmmen den amerikanesche Modell GFS gesäit Spëtzte vun ëm 85 km/h op eis duerkommen. Et ergëtt sech also definitiv eng stiermesch Wiederlag, bei där sech d’Vitessen awer gréisstendeels sollten ënnert der Warnschwell vun de 75 km/h ophalen. Just am Fall vun enger Ausnam, wéi beispillsweis am Beräich vun enger kräfteger Schauer, wiere mol eppes ëm 80 km/h net ausgeschloss.
De Fazit wier also deen, dass tëscht dem Samsdemëtten an dem Sonndenomëtten leftegt bis stiermescht Wieder usteet, iwwerdeems et awer en Tick manner ongemittlech ass wéi elo haut um Donneschden. Mee et soll een drun denken, dass trotzdeem de Risk vu Beem an Äscht an de Stroosse besteet.