Ausbléck: Eis erwaart e spierbaren Temperaturréckgang

Iwwer Russland & Nord- esouwéi Nordosteuropa huet sech knackeg Keelt breetgemaach. E klengt Stéckchen dovu kréie mir an de nächsten Deeg ze spieren, déi ganz grouss Keelt ass dat awer nach net.

Déck Jackette kommen erëm an den Asaz

De Mëtten hate mir jo op d’Thema Schnéi gekuckt, wat de Weekend iwwer jo och en Thema ka ginn. Dësen Artikel hei bezitt sech awer méi op den Temperaturverlaf an de nächsten Deeg – et gëtt nämlech fir déi éischt Kéier an dëser Saison e gutt Stéck méi kal.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

An der Nuecht op den Donneschde fléisst d’Keelt an der Héicht lues a lues an a gëtt schonn de Samsdemoie lues a lues aus eise Géigenden erausgeraumt – et ass also, fir den Ufank op mannst, nëmme fir kuerz Zäit.

D’Entwécklungen

An de nächsten Deeg gi net nëmmen d’Dageshéchsttemperaturen zréck, mee och d’Wäerter an der Nuecht. An der Nuecht op muer, den Donneschden, ass mat Minimaltemperature vun tëscht 2 a 4 Grad an der Nordhallschent ze rechnen, am Süde geet et op tëscht 4 a 6 Grad zréck – dat geet also nach. Um Donneschde selwer ass mat Maximaltemperature vun tëscht 4 an 8 Grad ze rechnen, et gëtt also schonn e Stéckche méi kill.

An der Nuecht op de Freiden a virun allem um fréie Freidemoie mécht sech den Temperaturréckgang schonn besser bemierkbar, et ass mat Fréiwäerter vun tëscht -2 a 0 Grad ze rechnen. Duerch Nätzt déi fréiert, déi duerch geréngfügege Nidderschlag duerch Niwwel zustane komme kann, sinn och glat Streckenofschnëtter net ganz ausgeschloss. Um Freide selwer klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 2 a 4 Grad, nëmme laanscht d’Musel kann et nach punktuell 5 Grad “waarm” ginn. Schonn vum spéidere Nomëtten un erwaart eis aus Nordosten awer e weidere Stouss vu kale Loftmassen, deen eis Temperaturen abrupt wäert erofgoe loossen.

An der Nuecht op de Samsden ass mat Minimaltemperature vun tëshct -4 a -2 Grad am Norden ze rechnen, lokal och mol -5 Grad. An der Südhallschent si mir gréisstendeels mat tëscht -1 an 1 Grad ënnerwee. Dagsiwwer si mir nach mat Maximaltemperature vun tëscht 1 an 3 Grad ënnerwee. Um fréie Moien esouwéi och um Owend kann et erëm net ausgeschloss ginn, dass et zu glate Streckenofschnëtter kënnt.