
Esou wéi et soll sinn, weist de Wanter sech geschwënn erëm méi zu Lëtzebuerg. Ech hoffen, Dir hutt déi déck Jacketten an de leschten Deeg net ze wäit ewechgehaangen.
Weekend setzt Fundament fir Changement
De Weekend geet et schonn un mam Changement: Et gëtt däitlech méi kal, mee duerch e schwaacht Déifdrockgebitt kann zäitweis mol nach e bësse Nidderschlag dobäi sinn. Duerch déi dann schonn niddereg Temperature sinn op eenzelne Plazen och e puer Flacke net ausgeschloss. Den Détail dozou hu mir awer schonn am Bléck op de Weekend beschwat.

Dréche Keelt aus Nordosten
Wa mir de Weekend bis duerch hunn, dann hu mir héije Loftdrock iwwer Skandinavien leien iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum installéiert ass. Doduerch kommen op direktem Wee knackeg kal Loftmassen aus Russland op Lëtzebuerg gezunn. Well et sech heibäi ëmt kontinantal Loft handelt, ass se net besonnesch fiicht – am Géigendeel: se ass zimmlech dréchen! Fir d’Schnéifrënn ënnert Iech heescht dat also, dass ee sech léiwer net ze vill soll freeën.
Wa mir e Bléck an d’Modeller geheien, da starte mir e Méindemoie mat -5 bis -2 Grad an den Dag eran. Am Dag selwer sollen d’Wäerter viraussiichtlech net op iwwer -4 a -2 Grad erausklammen. Och an der Nuecht op en Dënschde spiert een d’Keelt gutt: D’Wäerter sollen op tëscht -5 a -7 Grad zréckgoen, ier se dann am Dag erëm op just -2 bis 0 Grad klammen. No enger weiderer kaler Nuecht op e Mëttwoch mat verbreet -6 Grad, geet et e Mëttwoch op 0 bis 2 Grad erop.
Am weidere Verlaf vun der Woch hu mir warscheinlech an de Nuechte nach liichte Frascht, an den Deeg packe mir et och net all ze wäit iwwert de Gefréierpunkt eraus.
Nohalteg, oder gëtt et duerno méi waarm?
Geet et dem amerikanesche Modell no, da soll sech fir den iwwernächste Weekend erëm e bësse méi mëll Loft drënnermëschen, ier dann aus nërdleche bis nordwestleche Richtungen erëm immens kal Loftmassen op Lëtzebuerg kommen.

Dës wieren dann och mat Schnéi verbonnen – mee huelt dat awer nach net all ze eescht, et ass nach vill ze wäit an dohier reng Zukunftsmusek.