Ausbléck: Éischt Kalfront an de nächste Stonnen, déi zweet an der Nuecht drop

No Mëtternuecht erwëscht eis aus westleche Richtungen eng Kalfront, déi eis groussflächege Reen brénge kann. Och de Wand kann iwwerdeems méi aktiv ginn.

An dëser Nuecht passéiert eis d’Kalfront, déi souzesoen den Ufank vum ugekënnegte Wiederëmschwong ass. De Wiedermodeller no ass dobäi mat méi groussflächegem Reen ze rechnen, punktuell kënnen och méi staark Schliet drënner sinn. De Wand kéint dobäi och mol kuerzzäiteg méi aktiv ginn, an de Spëtzte si Wäerter vun tëscht 45 a 60 km/h méiglech. Tëscht ongeféier 3 a 6 l/m² Reen solle bis an den Donneschdenomëtten zesummekommen.


Zwou Kalfronte bréngen eis bis de Freiden e bësse Reen | Grafik: wxcharts.com

No der Kalfront ass virun der Kalfront: Duerch en Déifdrockkomplex iwwert dem Nordmier geréit muer den Owend / an der Nuecht op de Freiden eng weider Kalfront an eis Géigenden, déi eis op ee Neits Reen brénge kann. Wéi et de Moment awer ausgesäit, soll et dobäi awer net grad esou vill reene wéi an der Nuecht virdrun. Sou gesinn et op mannst déi meescht Berechnungen… de franséischen ARPEGE gesäit et nämlech bessen anescht a rechent mat méi staarkem Reen. D’Situatioun muss ofgewaart ginn – eng geféierlech Wiederlag steet jo net un, et geet just drëm ze kucken iwwer wéi vill Reen sech d’Natur am Endeffekt freeë kann.

Link: D’Prognosen fir déi nächst dräi Deeg