Ausbléck: Ëmmer nach net vill Beweegung, weiderhi kill Nuechten

Et sinn ëmmer nach keng grouss Changementer an Aussiicht, op d’mannst net fir déi nächst Deeg. D’Nuechten a Moienter verlafe weiderhin zimmlech kal – de Wanter bleift also mol nach.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir hunn a wäerten et an de nächsten Deeg ëmmer nach mat enger richteger “Héichdrockglack” ze dinn hunn, déi genee iwwert eisem Kontinent läit. Duerch dës hunn Déifdrockgebitter keng gréisser Chancen, fir en eeschthaften Afloss op eist Wieder ze huelen. Bis déi nächst Woch inclus soll dat esou bleiwen, op d’mannst mol laut aktuellem Stand.

Kill Nuechten a Moienter

A genee well d’Héichdrockwiederlag weider wäert dominéieren, ass dat spannendst an de nächsten Deeg tatsächlech d’Fro, ob e puer héich Wollekefelder iwwereg bleiwen oder ob sech d’Sonn kann duerchsetzen. Dat erliewe mir elo all Dag, iwwerdeems d’Nuets- a Moiestemperaturen am nidderege bis méissege Minusberäich ze erwaarde sinn. Wéi déif se ausfalen, entscheeden lokal Entwécklungen wéi beispillsweis Inversiounswiederlagen, ob den Himmel opkläert a wou mir eng Schnéicouche hunn. Fir richteg déif Temperature vu bis zu -10°C ass e kloren Himmel iwwert enger Schnéicouche ideal.


D’Temperaturen, wéi se viraussiichtlech en Dënschdemoie fréi solle sinn laut AROME-Modell | Grafik: wxcharts.com

Héichopléisend Modeller gesi fir d’Nuecht op e Méinden Minimaltemperature vun tëscht -5 a -10 Grad un der Nordspëtzt vum Land, soss sinn tëscht -2 a -5 Grad ze erwaarden. Fir d’Nuecht op en Dënschde gi fir d’Nordspëtzt tëscht -6 a -11 Grad als Méiglechkeet ugesinn. Och am Süde wieren tëscht -3 a -7 Grad net onméiglech – mee wéi gesot, dat hänkt och vill vu lokale Konditiounen of.

Fir d’Nuechten drop ginn erëm méi mëll Temperature simuléiert, mee ëmmer nach am liichte Minusberäich.

1 Kommentar

Kommentare sind deaktiviert.