Ausbléck: En Dënschde knapp iwwer 30°C, dann erëm Donnerwiederrisk

D’Achterbunn fiert virun: En Dënschden erwaart eis de nächste Peak mat knapp iwwer 30°C, parallel dozou klëmmt och erëm direkt den Donnerwiederrisk.

Advertisement

Vu Wiermt-Bierg zu Wiermt-Bierg

Et ass de selwechte Modus, wéi mir en och schonn am Juni haten: Duerch déi meeschtens westlech bis südwestlech Stréimung zitt een Déifdrockgebitt nom aneren iwwert de Kontinent, wat mir och zu Lëtzebuerg mierken. Dohier ginn zäitweis zwar summerlech bis héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg geblosen, déi dann awer séier erëm vu Kalfronte verdrängt ginn.


E kuerze Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen en Dënschden | Animatioun: wxcharts.com

Dohier ass déi aktuell Schlussfolgerung also déi, dass mir et weiderhi net mat stabilen a laang unhalende summerleche Perioden ze di kréien. Ëmmer wann et mol bësse waarm gëtt, sinn déi éischt Schliet net wäit fort.

Knapp iwwer 30°C en Dënschden

De Méinde wandert en Déifdrockgebitt vum Atlantik op déi brittesch Inselen duer, iwwerdeems en Héichdrockgebitt am Beräich vun der Ostséi läit. Duerch dës Konstellatioun gi schonn e Méinde méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert, déi sech en Dënschden awer eréischt méi däitlech kënne presentéieren. Muer um Méinde sinn tëscht 19 a 24 Grad ze erwaarden, punktuell fläit och 25 Grad. Fir en Dënschde sti verbreet 26 bis 30 Grad un, laanscht den äusserste Südoste vum Land esouwéi awer och am Raum Ettelbréck kënnen och 31 oder 32 Grad net gänzlech ausgeschloss ginn, wat héichsummerlech wier.

D’Loftmasse ginn am Laf vum Dënschde méi schmeier an et ka sech och erëm eng gewëss potenziell zur Verfüügung stoend Energie (CAPE) opbauen. Iwwer Nordfrankräich sinn dowéinst vum Nomëtten bis an den Owend eran Donnerwieder mat punktuellem Onwiedercharakter ze erwaarden – eenzel Modeller deiten un, dass eenzel Elementer vun dëser Aktivitéit och op Lëtzebuerg kënnen iwwergräifen. D’Détailer sinn awer nach net ganz gekläert, well och e sougenannten “Deckel” eng Roll spille soll. Dorënner versteet een eng dréche Loftschicht, déi et verhënnert, dass Konvektioun (Cumuluswolleken, déi zu Donnerwieder “wëllen” uwuessen) sech ongestéiert kann entwéckele a sech an den Himmel kann hiewen. Halt Iech dës Saach awer mol am Hannerkapp.

Nächst Terminer fir Donnerwieder kënnen den Donneschden an och de Freide ginn. Mir halen Iech um Lafenden.