Ausbléck: En Dënschden zimmlech lefteg bis stiermesch duerch Kalfrontduerchgang

E Méinden ass mat 26 Grad ze rechnen, wat vill ze héich fir d’Joreszäit ass an esouguer kéint rekordverdächteg ginn. Duerno kënnt eng Kalfront, déi eis mat uerdentlechem Wand wäert passéieren.

Hannergrondkaart: wxcharts.com

Advertisement

D’Situatioun

De Grond fir de markante Virstouss vun iwwerduerchschnëttleche Loftmassen ass e Randdéif, wat vum Ärmelkanal hier a Richtung Nordséi zitt. Duerch seng Dréiung géint d’Auer ginn waarm Loftmassen aus dem déiwe Südweste vun Europa a Richtung Lëtzebuerg gelenkt. E weidere Faktor spillt héije Loftdrock iwwert eisem Kontinent selwer, deen dës Stréimung zousätzlech ënnerstëtzt.


De Verlaf vun de Loftmassen bis en Dënschden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Wéi schonn an aneren Artikel beschwat, kënnen e Méinden lokal erëm 26 Grad erreecht ginn. Wichteg ze wëssen ass och, dass genee 26 Grad och den Allzäit-Temperaturrekord fir de Mount Oktober ass. Opgestallt gouf dësen am Oktober 2011, an dës Kéier komme mir ëm zimmlech no. Eng knapp Geschicht gëtt et trotzdeem.

Kalfront um Wee

Dësen eenzelnen Wiermt-Virstouss dauert net all ze laang un. En Dënschden dréckt vu Westen hier eng Kalfront eran, déi dës Wiermt erëm séier aus dem Land verdrängt. Esou ganz ouni Wand geet dëse Kalfrontpassage awer och net iwwert d’Bühn, de Modeller no kënne stiermesch Wandstéiss bis ëm 65 km/h optrieden. Iwwerdeems ass och mat e bësse Reen ze rechnen, iwwerdeems d’Quantitéiten awer definitiv iwwerkuckbar sinn.

An duerno? Et bleift mol nach e puer Deeg manner waarm, ier dann op e Neits esou en änleche Waarmloft-Virstouss an d’Spill kéint kommen. Eng aner Kéier méi dozou.