Ausbléck: En Ëmschwong kënnt, dobäi och mol stiermesch Entwécklungen

Mir soe net fir näischt, dass ee nach vum Weekend sollt profitéieren. Vum Méinden un erwaart eis e Changement, deen eis awer nieft dem Reen a killen Temperaturen och e stramme Wand op Lëtzebuerg bréngt.

Advertisement

Wat geschitt?

Iwwerdeems mir de Moment mol nach vun engem Héichdrockgebitt beaflosst ginn, wat mat senge Kären iwwer Spuenien/Portugal, den Alpen esouwéi och dem ëstleche Mëttelmierraum läit, gëtt dëse “Konstrukt” de Méinden duerch den Abroch vun engem Déifdrocksystem wäit an de Südosten verdrängt. Den Déifdrocksystem zitt sech dann vu Mëtteleuropa aus iwwert de Gros vum skandinavesche Raum, deels esouguer bis a Russland eran. Zur selwechter Zäit leet sech e grousst Héichdrockgebitt iwwert den Atlantik, wat d’Konstellatioun “perfekt” mécht fir den Abroch vu killen a fiichte Loftmassen.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen an der éischter Hallaschent vun der nächster Woch | Animatioun: wxcharts.com

De momentane Stand ass also deen, dass am Laf vum Méinde mat enger Kalfront ze rechnen ass, déi eis Reen bréngt. Hannert der Front géif sech dann erëm e Schauermodus astellen, duerch deen et an den Deeg drop ëmmer erëm géif naass ginn – dotëscht kéim et dann awer trotzdeem zu sonnegen Ofschnëtter. Et wier dat typescht Abrëllswieder, wat een ebe kennt.

Nach eng Kéier Flacken?

Duerch déi kill Loftmassen an der Héicht wieren domat net nëmmen zäitweis och eenzel Dimmere mat Graupel (klenge Knëppelsteng) net ausgeschloss, mee et kéint tatsächlech och nach eng Kéier zu eenzelne Schnéiflacke kommen.


Et dauchen erëm Schnéi-Signaler an de Kaarten op | Animatioun: wxcharts.com

Wéi et awer quasi ëmmer ass, ass den amerikanesche Modell, wat déi Léisung ugeet, am zréckhalendsten ënnerwee: E rechent an der Nuecht op en Dënschde mat enger klenger Warscheinlechkeet fir déi héchst Koppen am Norden. Den europäesche Modell wëll allerdéngs net ausschléissen, dass bis en Dënschden inclus eenzel Schauere kënne mat dobäi sinn, déi mol déi eng oder aner Flack aus de Wolleke blosen. Eng Couche hunn déi zwee awer keng dran, doriwwer muss ee sech also éischter keng Gedanke méi maachen.

Stiermesche Wand net ausgeschloss

Virun allem den europäeschen an däitsche Modell gesi wärend dem Kalfrontduerchgang e Méinden d’Warscheinlechkeet vu méi kräftege bis hin zu stiermesche Wandstéiss. Den däitsche Modell rechent mat 60 bis lokalen 80 km/h, den europäeschen ass zimmlech änlech. Den amerikanesche Modell ass mat bis ëm 60 km/h zimmlech zréckhalend, mee ëmmer nach spierbar ënnerwee.

An duerno?

An dann nach de méi spekulativen Deel fir déi zweet Wochenhallschent: Et gesäit dono aus, wéi wa sech déi mëll Loftmassen net esou liicht erëm kéinten zréck op Lëtzebuerg schaffen. Et besteet weiderhin d’Warscheinlechkeet vun enger killer nordwestlecher Stréimung, déi eis e Mix aus Schaueren an och sonnege Momenter op Lëtzebuerg bréngt.