Ausbléck: Eng naass Nuecht & e leftege Sonnde steet un

An der Nuecht zitt en Déifdrockgebitt nëmme knapp mat sengem Kär nërdlech un eis laanscht. Doduerch gëtt et engersäits zimmlech naass, anerersäits gëtt de Wand erëm en Thema.

Advertisement

Déifdrockgebitt kënnt eis méi no

De Moment läit dat besotent Déifdrockgebitt nach iwwert de britteschen Inselen, wäert sech awer an de nächste Stonnen iwwert d’Nordséi an eis Richtunge virubeweegen. Am Laf vum Dag fannen ëmmer méi Wolleken, déi vum Déif ausginn, hire Wee op Lëtzebuerg. Vum Nomëtten u geet d’Warscheinlechkeet fir déi éischt lokal Schaueren an d’Luucht, ier vum spéidere Nomëtten/fréien Owend un domat ze rechnen ass, dass d’Fréquenz zouhëllt. Dës kënne punktuell och méi kräfteg ausfalen, en Donnerwieder ass net ausgeschloss.


D’Reequantitéite bis de Sonndemëtten 14 Auer (12h UTC) | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Tëscht 20 an 22 Auer kéint et zu enger kuerzer “Paus” oder Phas kommen, an där de Nidderschlag net méi grad esou present ass. Duerno kënnt dann de Kär vum Déifdrockgebitt an d’Spill, deen jo knapp nërdlech un eis laanschtgeet. Dëse bréngt eis bis an de Sonnden eran méi flächege Reen, deen och deels méi kräfteg Segmenter ka mat sech droen.

De Wand gëtt och erëm en Thema

Récksäiteg vum Déif ginn d’Isobaren méi enk, wat bedeit, dass de Loftdrockënnerscheed däitlech méi grouss gëtt. Dëse gëtt vun engem groussen Héichdrockgebitt ugedriwwen, wat iwwert dem Atlantik läit. De Loftdrock läit do bei 1028 hPa, iwwerdeems d’Déif an eise Géigenden e Kärdrock vun 1003 hPa wäert hunn. D’Atmosphär probéiert dësen Ënnerscheed auszegläichen, an dat geet just duerch Wand.


D’Simulatioun fir d’Wandspëtzten fir de Sonndemëtten laut ICON-EU | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dohier kréie mir vum Sonndemoien un en ëmmer méi spierbare Wand mat, deen virun allem vum Nomëtten un Vitesse vun tëscht 50 a 70 km/h kann erreechen. Vum Owend un leet e sech erëm lues a lues.