Ausbléck: Enn der Woch Comeback vu wanterleche Loftmasse méiglech

Et ginn Unzeechen dofir, dass et gläich rem méi wanterlech an eise Géigende kéint ginn. No engem definitive Wanterabroch gesäit et, op mannst wat de momentane Stand ugeet, awer nach net aus.

Ëmstellung vun der Wiederlag steet méiglecherweis un

Mee wat geschitt? Haut am Laf vum Dag treffen Iwwerreschter vum Ex-Tropestuerm SEBASTIEN op déi britesch Inselen a suergen do fir deels schwéier Stuermstéiss. Vitesse vun em 115 km/h si méiglech, genee wéi och iwwert dem Ärmelkanal mee och verschiddenen Deeler vum Weste vu Frankräich. De Kär vun dësem Déif läit den Donneschden iwwert der Nordséi kuerz virun Dänemark a verlagert sech an den Deeg drop ëmmer méi wäit an den Osten/Nordoste vun Europa bis et schlussendlech zesummefält. Iwwerdeems et de genannte Wee zréckleet, beweegt et sech, well et eben en Déif ass, géint den Auersënn. Iwwer Island läit en Héich – an op der Nordhallefkugel dréinen Héichdrockgebitter mam Auersënn.

Kaart: wxcharts.com

Déif an Héich gräifen also wéi Zännrieder aneneen, wouduerch an dësem Fall kill a polar Loftmassen aus dem héije Norden an eis Géigende kënnen transportéiert. ginn. D’Resultat: rondremt den 30. November un, also dem nächste Samsde, klëmmt haaptsächlech an de Nuechte rem d’Wahrscheinlechkeet vu Frascht a glate Stroossen zu Lëtzebuerg. Demno wéi d’Situatioun ass, ass och mol eng Flack net onméiglech, mee d’Thema Schnéi sollt sech awer och dës Kéier éischter méi am Hannergrond ofspillen.

Duerno ginn et 2 Szenarien: Entweder dat méi killt a virun allem an de Moies- a Nuetsstonne fraschtegt Wieder hält nom +/- 3. Dezember weider un ODER et gëtt rem a klenge Schrëtt méi mëll.