Ausbléck: Enn der Woch ëmmer nach ëm 35 Grad méiglech

D’lescht Woch hunn d’Modeller déi éischt Kéier ugekënnegt, dass et elo an der neier Wiederwoch nawell héichsummerlech waarm ka ginn.

Ier mir de Fokus op de Schluss vun der Woch verleeë, kucke mir virdéischt op den Ufank. Schon haut um Méinden areechen eis summerlech bis héichsummerlech Loftmassen aus dem Südweste vun Europa. Dat duerch en Déifdrockgebitt iwwert de Britteschen Inselen an héije Loftdrock méi wäit iwwert dem Oste vun Europa. Et ass dowéinst mat Temperature vun tëscht 27 an 33 Grad ze rechnen, virun allem laanscht Musel sollen déi héchst Wäerter kënnen areecht ginn.

Mir stinn de Gros vun der Woch iwwer ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, wouduerch et leider zu net all ze ville Nidderschléi kënnt. D’Thema Dréchent wäert sech zu Lëtzebuerg weider verschäerfen. An der zweeter Wochenhallschent bleift et den aktuelle Berechnunge no meeschtens sonneg, d’Temperature bleiwen am summerleche Beräich a krazen den Donneschde warscheinlech scho rem un den 30 Grad.

Enn der Woch demno wéi 35 Grad méiglech

Enn der Woch erwaart eis de Modellrechnunge no d’Zoufuer vun héichsummerleche Loftmassen. Dëse Virstouss gëtt vum europäesche Modell ECMWF méi markant gerechent wéi vum amerikanesche GFS, déi zwee hunn et awer an der Simulatioun. Iwwerdeems déi wierklech Hëtzt dem GFS no ongeféier just op d’Héicht vu Nordfrankräich virukënnt, solle sech dem ECMWF no Temperature vu bis zu knapp 22 Grad an enger Héicht vun annerhallwem Kilometer iwwer Lëtzebuerg positionéieren. Hëlt een elo déi zwou Meenunge vun de Modeller, da kann een, am Fall wou sech d’Simulatioune wierklech confirméieren, dovun ausgoen, dass Héchsttemperature vun tëscht 30 a 35 Grad duerchaus realistesch sinn.