Zanter gëschter ass de meteorologesche Summer amgaangen. E Bléck an d’Berechnunge weist awer, dass mir awer trotzdeem nach e bësse Gedold musse matbréngen.
Advertisement
Mëttelfrist- a Laangzäitmodeller beliicht
Tëschenzäitlech hat et esou ausgesinn, wéi wa mir et Mëtt der neier Wiederwoch mat Summertemperature vu méi wéi 25°C ze di kriiten. Zanter de Freiden huet sech dat awer dunn erëm geännert: Déi waarm Loftmassen, déi eigentlech fir eis zoustänneg gewiescht wieren, ginn duerch en Déif, wat ze wäit südlech zitt, méi wäit vun eis fortgehalen. Eng nächst Geleeënheet steet wuel erëm fir de Raum vum 14. Juni un, mee jo… et ass ebe nach e bësse bis dohin. Et ka sech nach esou munches doen.
Wa mir dann elo och nach d’Laangzäitmodeller mat an d’Boot huelen, ergëtt sech en Trend – deen awer trotzdeem mol als Momentopnam ze interpretéieren ass. Dem europäesche Modell no sollen d’Temperaturen an der neier Wiederwoch gutt 1 Grad ënnert dem laangjäregen Duerchschnëtt leien. Och fir d’Woch drop, déi vum 10. bis de 16. Juni geet, soll et mat -0,5 Grad weiderhi liicht ze kill ginn. Duerchschnëttlech Wäerter sollen eis eréischt vum 17. Juni un erëm erwaarden, wou vun dësem Modell keng Anomalie méi berechent gëtt. Zu Lëtzebuerg läit déi duerchschnëttlech Temperatur am Juni bei 16,7 Grad.
Als kleng Ergänzung: Wat de Reen betrëfft, soll et och a Richtung Juli no a no manner naass ginn.
Den amerikanesche Laangzäitmodell gesäit en duerchschnëttleche Juni op eis duerkommen, wat och an d’Rei vum europäesche Modell kéint erapassen. Den Ufank gëtt ënnerduerchschnëttlech, ier d’Temperaturen an der zweeter Hallschent vum Mount den Duerchschnëtt erëm an de normale Beräich soll drécken.
Heescht dat elo, dass et guer net waarm gëtt?
Nee. Mir hunn eis ze vill un déi vergaange Summere gewinnt, an deenen et schonn vill ze fréi vill ze waarm war. Am Verglach zu dëse Summeren si mir dëst Joer mat de bestännege Summertemperature méi spéit drun, wat sech dem aktuelle Stand no awer an der zweeter Juni-Hallschent sollt besseren.
Wichteg ass och ze soen, dass mir hei vun Duerchschnëttswäerter schwätzen. Och wann fir eng Period ënnerduerchschnëttlech Temperature berechent ginn, ass et trotzdeem méiglech, dass et u verschiddenen eenzelnen Deeg awer summerlech gëtt.