Ausbléck: Eréischt vum Donneschden / Freiden un erëm méi naass

A Saache Reen kënne mir opootmen! Ier et erëm esouwäit ass, sinn tatsächlech och méi frëndlech Ofschnëtter dran – de Niwwel muss just matspillen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis en Donneschden inclus leie mir ënner liichtem Héichdrockafloss, deen sech vum südwestlechen Europa bis a Polen an Tschechien eran zitt. Fir d’Nuecht op e Freide gëtt dann mat enger Ännerung gerechent, duerch déi erëm méi d’Déifdrockgebitter vum Atlantik hir Fanger am Spill hätten. Mir hunn also fir den Ufank guer net mol esou immens schlecht Deeg, déi eis ustinn.

E Mëttwoch entscheet de Niwwel

Ebe well mir ënner liichtem Héichdrockafloss stinn, besteet deemnächst d’Warscheinlechekeet vu Niwwel. Muer um Mëttwoch ass et nämlech esou, dass sech dësen fir d’éischt muss opléisen ier sech d’Sonn ka weise kommen. Leeft et no Plang, an en ass bis an de Virmëtten eran verschwonnen, da steet eis en zimmlech sonnegen Dag un.


D’Wiederlag e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Och en Donneschden gi mir wuel nach vun e puer sonnege Momenter verwinnt, mee et ass schonn um ofhuelen. Um Owend gëtt et vu Westen hier ëmmer méi gro, et besteet d’Warscheinlechkeet vun e puer Nidderschléi.

De Weekend iwwer gesäit et och no zäitweise Nidderschléi aus, mee d’Quantitéite sollte weiderhi net all ze héich ausfalen.