Ausbléck: Erëm eenzel Dimmeren mat Staarkreen an der Groussregioun méiglech

Wéi gesot, ännert eis Grousswiederlag net besonnesch vill. Dat heescht, dass et och an Zukunft zu weidere Schliet kënnt, déi punktuell kräfteg kënnen ausfalen. Muer an iwwermuer kann et erëm blëtzen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi gëschter am weideren Ausbléck gesot, läit Lëtzebuerg elo mol nach bis viraussiichtlech Enn Mee ënnert dem Afloss vu mëlle bis waarme, mee fiichte Loftmassen. Zesummen duerch Déifdrockgebitter a Konvergenzen forméiere sech iwwert dem Kontinent ëmmer erëm plazeweis kräfteg Schaueren an Donnerwieder. En Donneschden an e Freide klëmmt de Risk bei eis erëm, besonnesch e Freide kann et mat Pech ënnert eenzelne vun dësen Zellen e bësse méi kräfteg zougoen.

De Verlaf

Fir muer, den Donneschden, dauchen erëm däitlech méi Signaler fir Schaueren an och vereenzelt Donnerwieder an de Wiedermodeller op. D’Fënster, an där se méiglech sinn, ass awer net all ze laang op: D’Aktivitéit begrenzt sech gréisstendeels op d’Zäit vum spéidere Virmëtten bis an de Nomëtten eran, ier se vum spéidere Nomëtten un erëm lues a lues wäert ofhuelen. Net all Schauer muss markant sinn, mee eenzelner kënne Staarkreen an och mol Blëtz an Donner bréngen.


Schauer- an Donnerwiedersignaler fanne sech och an der Berechnung vum europäesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Fir e Freide gëtt erëm eng méi kniffleg Situatioun berechent. Dës geet vun engem Déif aus, wat um fréie Moien mat sengem Kär vum südlechsten Däitschland a Richtung Nordrhein-Westfalen/BeNeLux zitt. U senger nërdlecher Säit dréit et e Reegebitt mat sech, un de méi südlechen Deeler kënne sech am Laf vum Dag och eenzel méi kräfteg Donnerwieder mat Staarkreen forméieren. Markant Phänomeener trieden, nach eng Kéier gesot, net flächendeckend op – et ass éischter lokal de Fall. Bis ewell ginn et nëmme vereenzelt Modeller, déi esouguer den een oder anere warnrelevante Schluet mat gréissere Reenzommen a kuerzer Zäit gesinn. Eppes konkretes ass dëst awer nach net.

Météo Boulaide hält Iech um Lafenden.