Ausbléck: Esou verleeft de Joreswiessel 2021/2022

De Joreswiessel steet virun der Dier, fir deen d’Wieder kuerz och méi kloer Momenter ka mat sech bréngen.

De Moment gi mir nach vun déiwem Loftdrock dominéiert, iwwerdeems héije Loftdrock iwwer Spuenie läit. Dësen héije Loftdrock verlagert sech bis muer an d’Alpen, wat och bei eis zu Lëtzebuerg den Héichdrockafloss verstäerkt. Um Freide selwer verweilt dësen op der selwechter Plaz, déiwe Loftdrock gëtt gréisstendeels bausse laanscht ëmgeleet, also nërdlech vun der klenger “Héichdrockbëlz”, déi mir deen Moment hunn. Nach bis Neijoersdag inclus soll den Afloss halen, ier vum 2. Januar un erëm déiwe Loftdrock probéiert, iwwerzegräifen.

Konkret heescht dëst, dass eis a Richtung Joreswiessel ëmmer méi rouegt Wieder erwaart. Déi aktuell Modellrechnunge berechne fir de Freiden dagsiwwer Temperature vun tëscht 7 an 11 Grad. Wa sech de Niwwel opgeléist huet, wiessle sech Sonn a Wolleken of ouni wierklech nennenswäert Nidderschléi. An der Nuecht op de Samsden, also u Silvester, kommen aus Westen erëm e puer deels méi déck Wolleken eragezunn, och Niwwelfelder sinn dann erëm méiglech. An der Südhallschent vum Land stinn d’Chancen op e puer kloer Momenter am beschten. D’Temperature beweege sech net vill vum Fleck a bleiwe bei tëscht 7 an 10 Grad.