Ausbléck: Et ass nach kee Wanterabroch ze erwaarden

Dëst ass e weideren Update zum Thema Wanter a wéini eis déi éischt Schnéiflacken erwaarden.

Glat Stroossen an der Nuecht op de Freiden

Am leschten Update vum Méinde ware mir nach op deem Stand, dass mir wosstne, dass eis an der zweeter Wochenhallschent polar Loftmassen areeche wäerten. Wat mir awer nach net wosste war, ob sech d’Nidderschléi genee sou mat de Loftmassen iwwerlappen, fir dass et zu den éischte lokale Schaueren op de Koppe vum Land komme kann. Haut um Mëttwoch hu mir awer eng allgemeng Äntfert op all dat.

Haut um Mëttwoch leie mir ënner Héichdrockafloss, wouduerch an der Héicht fir d’Éischt nach méi mëll Loftmassen aus Richtung Spuenien a Portugal an eis Géigende gelenkt ginn. Di nächst Kalfront steet awer schonn an de Startlächer a passéiert eis um fréien Donneschdemoien. Duerch en Déif, wat mat sengem Kär vun de britteschen Inselen eriwwer a Skandinavien weiderzitt, kënnt dest esou zustaanen. Hannendru kommen direkt déi kill resp. polar Loftmassen eragefloss, soudass et op mannst mol an der Héicht staark ofkille wäert. No Maximaltemperature vun 11 bis 14 Grad um Mëttwoch falen d’Wäerter an der Nuecht op den Donneschden op 12 bis 7 Grad, de Reen vun der Kalfront setzt an. Och um Donneschde selwer bleiwen déi vill Wolleke bei eis present an et ass ëmmer erëm mat enger Schauer ze rechnen, et gi Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad erwaart. Et soll bis an den Owend era nach zu Schauere komme kënnen, deemno wéi och bis an de spéideren Owend eran. Et besteet eng minimal Warscheinlechkeet dofir, dass déi restlech Nidderschléi duerch déi parallel falend Temperaturen an der Héicht souwéi och um Buedem eventuell déi eng oder aner kleng Schnéiflack drënnergemëscht kéinten hunn, besonnesch op den héchste Koppen op 500 Meter an driwwer. Dëst ass awer net weider nennenswäert, well et am Gesamtbild net vill ausmécht. E Wanterabroch ass dëst nach laang net. Mee: an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Freide gëtt et mat grousser Sécherheet méi dréchen an d’Temperature falen op 2 bis -2 Grad. Duerch Nätzt déi fréiert kann et a Richtung fréie Freidemoien also zu glate Stroosse kommen.


D’Kommen an d’Goe vun de polare Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Polar Loftmasse verloossen eis an der Nuecht op de Samsden

Di polar Loftmasse bleiwe net laang iwwert eise Käpp schwiewen: schonn am Laf vum Freidenowend gëtt et an der Héicht erëm méi mëll. E Frontesystem kënnt an der Nuecht op de Samsden op Lëtzebuerg gezunn, duerch deen et erëm lues a lues méi naass Wäert ginn. Lues a lues setzt liichte Reen an, dee sech bis an de fréie Samsdenomëtten eranzéie kann. Uersprénglech huet nach d’Warscheinlechkeet bestaan, dass et beim Ukomme vun den éischte Nidderschléi vum Frontesystem an der Héicht nach kill genuch ass, fir eventuell eng vereenzelt Flack tëscht de Reendrëppsen erauszedrécken. Dëst erschéngt awer, Stand aktuell (18.11.2020 – 04:16) zimmlech onwarscheinlech. D’Temperature falen op e Minimum vu 5 bis 2 Grad.

Livestream vum 17.11.2020

De Fazit also: do, wou virun enger Woch a bis virun e puer Deeg nach d’Warscheinlechkeet vun den éischte Schnéiflacken op de Koppe vum Land gerechent ginn ass, ass an Tëschenzäit net méi vill bis näischt méi do. Mir mussen also de nächsten Ulaf ofwaarden, vun deem den Zäitpunkt awer nach net bekannt an och net a Siicht ass.