Ausbléck: Et ass nach net eriwwer mam Frascht

E Changement bréngt eis demnächst erëm méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg, duerch déi et virun allem an de Nuechten & fréie Moiesstonnen erëm zu Frascht komme kann. Schnéi sollt awer net mat dobäi sinn.

Advertisement

Ëmstellung vun der Grousswiederlag

Vum Méinden u leet sech héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent läit. Dat féiert dozou, dass erëm eng ganz Zong u polare Loftmassen an eis Géigenden erofgezu kënnt. Haaptsächlech dovu betraff ass Osteuropa, mee och mir zu Lëtzebuerg kréien eppes dovun of. Et gëtt also erëm méi kal bei eis, wat ee virun allem an de Nuets- mee och fréie Moiesstonne mierke wäert.


Um Ausbléck bis e Mëttwoch erkennt ee gutt den Temperaturréckgang an der Héicht | Animatioun: wxcharts.com

Den Temperaturverlaf

Déi kill Loftmassen erreechen eis vum Méinden un, mee virun allem dagsiwwer wäerten se kee gréisseren Impakt op eist Wieder hunn. An der Nuecht op de Méinde ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a 0 Grad zréck, och um fréie Méindemoie leie mir an dësem Beräich. Am Nomëtte gi Maximaltmeperature vun tëscht 7 a 9 Grad ugepeilt. An der Nuecht op den Dënschde geet et erëm op tëscht -4 a -2 Grad zréck, ier en Dënschde selwer erëm Maximaltemperature vun tëscht 5 a 7 Grad ze erwaarde sinn.

D’Nuecht op de Mëttwoch esouwéi de fréie Mëttwochmoie ginn erëm zimmlech kill mat -5 a -3 Grad, am Dag ass awer mat 6 bis 8 Grad ze rechnen. An de fréie Moiesstonne vum Donneschden ass mat -4 bis -2 Grad ze rechnen, dagsiwwer si mat 8 bis 11 Grad esouguer erëm zweestelleg Plusgraden ze erwaarden. E Freidemoie leie mir erëm liicht ënnert dem Gefréierpunkt, am Nomëtte klammen d’Wäerter op e Maximum vun tëscht 8 an 11 Grad. E Samsde starte mir bei ëm 0, fir am Nomëtte bei 8 bis 12 Grad ze landen. E Sonndemoien ass et mat 0 bis 2 Grad nach en Tick manner kill, am Dag packe mir et op 7 bis 12 Grad.

Duerch den héije Loftdrock maache sech Nidderschléi déi ganz Woch iwwer zimmlech rar.