Ausbléck: Et geet a Richtung 20 Grad! An dann?

Mir sti weiderhin ënner kräftegem Héichdrockafloss, wouduerch et demnächst mam iwwerduerchschnëttleche Wieder virugoe wärt. Eng potenziell Ännerung schéngt sech awer och lues a lues erauszekristalliséieren.

Niwwel an der entscheedender Roll

Op den éichte Bléck schéngt et sou, wéi wa mir et bis an déi zweet Halschend vun der nächster Woch mat vill Sonn ze di kriiten. E Faktor deen dobäi oft vergiess gëtt, ass de Niwwel. Bei dëse kräftegen Héichdrocklage kënnt et oft vir, dass de Niwwel onerwaart laang ze gesi bleift an eng Prognos doduerch op d’Kopp gestallt ka ginn. Do wiere mir rem beim Thema Niwwel-Lotto, méi dozou gëtt et ënnert dësem Link.

Sollt sech de Niwwel wéi geplangt opléisen, da gëtt et vum Samsden un däitlech méi sonneg wéi um Freiden. Soubal de Niwwel fort ass, si just nach e puer kleng an harmlos Wollécken ze gesinn. D’Temperature packen et op 9 bis 15 Grad. Um Sonnde gëllen déi selwecht Viraussetzunge, vir dass et e schéinen Dag gëtt. Et ass dobäi mat 10 bis 15 Grad ze rechnen. Mee opgepasst: an der Nuecht op de Sonndë souwéi och op de Méinde faalen d’Temperaturen zumols an den Däller op -7 bis -12 Grad. Glaat Stroosse sinn also net auszeschléissen. Op anere Platzen ass mat 0 bis -4 Grad ze rechnen.

An der neier Woch klammen d’Temperature wäit iwwer déi 30-jähreg Moyenne a pendle sech tëschen 12 a 17 Grad am Dag an. Platzeweis, an ënner optimale Bedingunge, kéinten den Dënschden oder de Mëttwoch souguer knapp 20 Grad ereecht ginn. Zu dësen optimale Bedingungen zielt virun allem, dass sech de Niwwel fréi genuch opgeléist kritt, oder iwwerhaapt. Trotz den héigen Temperaturen am Dag, faalen se an de Nuechten awer oft nach bis an d’Géigend vum Gefréierpunkt eroof.

Gläich méi onbestänneg?

D’Modeller deiten ëmmer méi un, dass eis ab den éichten Deeg vum März eng Ännerung befirstoe kéint. Den Héichdrockafloss kënnt un d’Wacklen, Déifdrockgebitter kréien emmer besser Chancen, bei eis laanscht kucken ze kommen. Well et nach ze wäit fort ass, grenzen dës Zeile nach u Spekulatioun. Wéi et de Moment awer ausgesäit, sollen d’Temperaturen am Fall vum Antrieden vun enger onbestänneger Wiederlag emmer nach meechtens gutt am Plus leien. Et soll virun allem méi reene kënnen an och de Wand schéngt mol opliewen ze kënnen. Richtegt Wanterwieder mat Schnéi an dauerhaftem Frascht ass keent a Siicht.


Grafik: meteociel.fr