Ausbléck: Et gëtt erëm un den 30 Grad gekrazt, Wiederrisk klëmmt

D’Temperature schaffe sech weider no uewen. Am Laf vun der Woch gëtt et awer och méi schmeier; de Risk vun Donnerwieder klëmmt.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 17.05.2022:

D’Temperaturen hunn elo schonn e puer mol un den 30 Grad gekrazt. Natierlech freet een sech elo, ob et esou viru geet an och, ob et net eventuell geschwënn eng Kéier uerdentlech kraacht. Mir froen einfach beim Philippe Ernzer no, schéine gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

De Summer huet sech zu Lëtzebuerg breetgemaach.

An dat esouguer zimmlech fréi dëst Joer – zumools wann ee bedenkt, dass de meteorologesche Summer eréischt den 1. Juni ufänkt. Iwwerdeems um Sonnde quasi iwwerall op mannst 26 Grad gemooss goufen, war Beetebuerg mat engem Maximalwäert vu 29,4 Grad dobäi. Ech kann elo schonn mol verrooden, dass mir dat waarmt Wieder esou séier net wäerte lass ginn.

Firwat ass et iwwerhaapt de Moment esou waarm?

Fir där Fro nozegoe, gi mir aus Lëtzebuerg eraus a kucken op den europäesche Kontinent. Mir louchen d’lescht Woch a leien och dëst Woch weiderhi gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, deen vun déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik an och iwwer Russland méi oder manner blockéiert ass. D’Drockgebitt kënnt also net wierklech séier vu Plaz, wat dozou féiert, dass mir et eben elo schonn eng Zäit mat deem méi summerleche Wieder ze dinn hunn. Duerch dës südlech Stréimung ginn andauernd waarm a summerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an och aus Afrika ugezaapt. Et ass dobäi och mat e puer Wellen ze rechnen, bei deenen et fir eng kuerz Zäit nach méi waarm ka ginn. Dëst wäert an dëser Woch de Fall sinn.

Wéi eng Temperaturen hätte mir dann dem aktuelle Stand no ze erwaarden?

Nodeems et gëschter liicht manner waarm war, sinn d’Temperaturen haut schonn erëm um klammen. Tëscht 25 an 28 Grad stinn um Programm. Muer um Mëttwoch kënnt dann de nächste Schwall u waarme Loftmassen un, déi eis Maximaltemperaturen op tëscht 27 an esouguer 31 Grad eropdrécke kënnen. Sollten d’30 Grad geknackt ginn, wier et der Definitioun no den éischten Hëtzt-Dag vun dësem Joer. Um Donneschde gëtt et méi schmeier an och méi wollekeg, mee dat mecht den Temperature net vill aus: tëscht 25 an 30 Grad stinn un, um Freide wier et mat 23 bis 26 Grad e bësse manner waarm. De Weekend iwwer kéinte mir dann erëm an den 20er-Beräich zréckrutschen.

Du hues et schonn gesot, “méi schmeier”. Hänkt eppes an der Loft?

Et kann ee wuel nach net ganz konkret op dës Fro äntferten, mee an der zweeter Wochenhallschent besteet iwwer Deeler vu BeNeLux, Frankräich an Däitschland definitiv de Risk vun onwiederaartegen Entwécklungen. De Grond dofir ass deen, dass d’Atmosphär ufänkt méi onstabil ze ginn – et gëtt däitlech méi fiicht, schmeierwaarm Loft mécht sech breet. Besonnesch um Donneschden an och um Freiden sollt een d’Wiederkaarten fir eis Géigenden am Aen halen, well et deemno wéi méi kräfteg dubbere kéint. Detailer ginn et awer, wéi gesot, nach net all ze vill – et ass, meteorologesch gesinn, nach bëssen ze laang bis dohin.

Dës potenziell Donnerwieder sinn dann och de Grond dofir, dass et abrupt méi kill gëtt?

Genee. Um Freiden hu mir nach hëtzeg Loftmassen iwwert eis leien, déi dann am Laf vum Dag abrupt a Richtung Oste solle verdrängt ginn – sou op mannst mol den aktuelle Stand. Ob dat elo bei eis ass oder iergendwou iwwert der Belsch, Holland, Frankräich oder Däitschland: iergendwou wäert et wuel méi zolitt kraachen.

Kommen déi summerlech Temperaturen no engem méi kille Weekend dann erëm zréck?

Sou wéi d’Modellkaarten et de Moment gesinn, kann et sinn, dass et déi éischt Hallschent vun der nächster Woch mat Wäerter vun tëscht 16 an 21 Grad virugeet. Et dauert awer erëm net laang, bis virun allem den amerikanesche Wiedermodell GFS fir ronderëmt den 28. Mee op ee Neits mat engem Virstouss vu summerlech waarme Loftmasse rechent, bei deenen d’Temperature vun tëscht 25 an 30 Grad erëm kënnen en Thema ginn.

Et ass also elo schonn zimmlech spannend, obwuel de richtege Summer mol nach net ugaangen ass. Mat där Info kann een elo ufänke wat ee wëll.

Dann huele mir eis zum Schluss och nach kuerz Zäit fir de Reen… deen wëll ëmmer nach net esou richteg.

Mir haten an der Nuecht op de Méinden lokal eenzel Schaueren, genee wéi och gëschter um Méinde selwer. Dëst alleng geet awer nach laang net duer, fir dass ee soe kann, dass et net méi ze dréchen ass. Wann een elo op de Rescht vun der Woch kuckt, da bestinn déi eenzeg Chancen op Reen wierklech just dann, wa mir vun engem Donnerwieder oder ëmleiend Schaueren erwëscht ginn. An Zommen rechent den europäesche Modell mat tëscht 5 an lokal 30 l/m² bis Enn der Woch, de GFS gesäit méi groussflächeg 20 bis 40 l/m² op eis duerkommen. Kléngt also guer net esou schlecht – mee et hänkt wéi gesot alles mat de potenziellen Donnerwieder zesummen. Sollten dës bei eis zu Lëtzebuerg aus bleiwen, da wier vun dëse Wäerter ganz séier esou gutt wéi guer näischt méi iwwereg.

Dann hoffe mir, dass mir geschwënn e bësse Reen kréien – am beschten awer ouni Iwwerschwemmung. Dir, Philippe Ernzer, e grousse Merci, a bis d’nächst Woch.