Ausbléck: Et gëtt schmeierwaarm, Donnerwiederrisk an der Groussregioun

D’Loftmasse gi net nëmme méi waarm, mee och méi fiicht. Esou klëmmt iwwer Nordfrankräich, BeNeLux a Westdäitschland de Risk vu lokal méi zolitten Donnerwieder – Fokus: Staarkreen a lokal Iwwerschwemmungen.

Advertisement

D’Situatioun

Bis en Donneschden läit Lëtzebuerg tëscht engem Héich, wat sech iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent befënnt an déiwem Loftdrock, deen besonnesch iwwert de westlechen a südwestlechen Deeler vun Europa seng Fanger am Spill huet. Engersäits ginn esou kuerzzäiteg méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert, déi hiren Uersprong deelweis och erëm aus Afrika hunn. Anerersäits geroden am Laf vun der Zäit awer och déi méi fiicht Loftmassen aus Westen an eis Géigenden, wat méi oder manner iwwert dem Norde vu Frankräich, BeNeLux an och dem Weste vun Däitschland fir eng Reaktioun wäert suergen.

Den Donnerwieder-Ausbléck

Ausser de markante Nidderschléi iwwer Deeler vu Südfrankräich, déi och op déi selwecht Konstellatioun vun den Drockgebitter zréckzeféieren ass, geschitt eigentlech net vill. Just am spéidere Verlaf vum Owend kënnen, wa mir just d’Donnerwiederwarscheinlechkeet betruechten, am äusserste Nordoste vu Frankräich e puer eenzel Zellen héichgoen. Ob déi hire Wee gesondheetlech (wéinst Mangel un Energie) nach op Lëtzebuerg packen, gesi mir spontan. Eng markant Situatioun kënnt awer net a Fro.

Dënschden

En Dënschden zitt sech vum ëstleche Frankräich bis an de Nordosten/Norde vum Land eng Zon mat däitlech méi fiichte Loftmassen. Desweideren betrëfft dat och gréisser Deeler vun der Belsch, dem westlechen/südwestlechen an och nërdlechen Däitschland. Lëtzebuerg läit, ebe mat BeNeLux, och an dësem Beräich. Zur selwechter Zäit iwwerlappt sech dat mat enger nennenswäerter potenziell zur Verfügung stoender Energie (Convective Available Potential Energy = CAPE), deen an de westlechen Deeler vun Däitschland esouwéi och Nordoste vu Frankräich bei 400 bis punktuell mol 1000 J/kg läit. Iwwert de nërdlechen Deeler vun Däitschland ass d’Energie méi grouss, mee do gëtt se duerch liichten Héichdrockafloss ënnerdréckt.


Wou en Dënschden Donnerwieder méiglech sinn. Wéi ëmmer trëfft et awer net all eenzelnen an de markéierte Gebitter | Grafik: Météo Boulaide

Wa mir do nach e puer aner Parameter mat eranzéien, déi hei elo géifen d’Plaz sprengen, da komme mir op e Beräich, deen sech iwwert de Norde vu Frankräich, Deeler vum Westen a Südweste vun Däitschland, BeNeLux a fläit och nach Nordrhein Westfalen zitt. An dësem ass et net onméiglech, dass et um spéideren Owend/an der Nuecht op e Mëttwoch zu lokal méi kräftegen Donnerwieder mat Stuermstéiss, Staarkreen a fläit och mol Knëppelsteng kënnt. Dobäi ass ze betounen, dass déi aktuell Modellrechnungen alleguer d’Tendenz gesinn, dass sech d’Nidderschléi kuerz virum Ukommen zu Lëtzebuerg sollen ofschwächen. Et kann also knapp laanscht goen.

Mëttwoch

E Mëttwoch zitt sech de Beräich mat de fiichtwaarme Loftmasse nach e bësse méi wäit a Richtung Osten, wouduerch och méi Deeler vun Däitschland selwer betraff wieren. Duerch d’zäitlech Distanz an e puer Onsécherheeten an de Modeller ass dësen Abschnitt nach net fir bor Mënz ze huelen, mee d’Situatioun wier definitiv méi markant wéi um Dënschden. D’Modeller rechnen iwwert der Westhallschent vun Däitschland mat enger markanter potenzieller Energie, déi bis op 2000 J/kg oder liicht driwwer kéint goen. Dëst iwwerlappt sech dann mat enger fiichter Schicht um Buedem souwéi awer och eben enger Déifdrockzon, déi der Saach de néidegen Opdriff géif ginn.


Wou e Mëttwoch Donnerwieder méiglech sinn. Wéi ëmmer trëfft et awer net all eenzelnen an de markéierte Gebitter | Grafik: Météo Boulaide

Dës Donnerwieder géife sech manner séier vu Plaz beweege wéi um Dënschden, wat de Risk vu lokalen Iwwerschwemmungen duerch Staarkreen géif an d’Luucht drécken. Op de Plaze mam meeschte CAPE kënnen och Knëppelsteng net ausgeschloss ginn. Begleet wier dëst dann och vun engem stiermesche Wand. Och hei stellt sech d’Fro, ob Lëtzebuerg just um Rand matspillt – oder, dass et sech, an dësem Fall, eréischt nërdlech vun eis wäert richteg entwéckelen.

Fazit

Et gëtt, keng Fro, méi mëll an och méi schmeier an eise Géigenden, wat an eiser Groussregioun fir Schaueren an Donnerwieder suergt. Ob eist klengt Ländchen tatsächlech eppes wäert ofkréien, ass duerch dat, wat uewe geschriwwen ass, zwar net ausgeschloss, mee et gi Saachen déi net eendeiteg dofir schwätzen. Et ass also eng Situatioun fir am Aen ze halen, besonnesch déi vum Mëttwoch. Mir taaschten eis elo lues a lues un d’Saach erun.