Ausbléck: Firwat de weidere Verlaf vun der Woch esou variabel gëtt

Bis op e puer Schaueren an Donnerwieder hu mir an de leschte Woche vill sonneg Ofschnëtter hannert eis. A nächster Zäit soll et awer op enger méi variabeler Schinn virugoen.

Advertisement

Déifdrockgebitt réiert d’Wiederkichen ëm

Bestännegt Wieder fanne mir an dëser Woch net – am weidere Verlaf gëtt et esouguer nach méi onbestänneg. Aktuell ass en Déifdrockgebitt dofir verantwortlech, wat iwwert der Nordséi läit. E gréisseren Afloss wäert awer e weidert Déif hunn, wat vum Mëttwoch un iwwer Westfrankräich entsteet a warscheinlech bis d’nächst Woch do hänke bleift.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch. Opfälleg ass d’Déifdrockgebitt, wat sech virun allem an der zweeter Hallschent iwwer Westfrankräich akréngelt | Animatioun: wxcharts.com

Wéi genee et sech beweege wäert, ass nach net kloer. Wat awer feststeet ass, dass et en Afloss op eis Reequantitéiten, d’Temperaturen an och de Wand huet.

De Verlaf

Haut um Dënschde weist sech e Mix aus Sonn a Wolleke, woubäi d’Wolleken besonnesch am Nomëtte méi kompakt kënnen ausfalen. Eng ganz lokal Schauer oder och mol en Donnerwieder ass net komplett onméiglech. Déi gréisst Warscheinlechkeet fir Reen gëtt et awer vum Owend un bis an de Mëttwochmoien eran. Gëschter waren d’Modeller nach der Meenung, d’Reegebitt géif ënnert enger nennenswäerter Intensitéit genee iwwert eis ewechzéien. An Tëschenzäit soll et mam Peak knapp ëstlech un eis laanschtgoen, iwwerdeems et awer trotzdeem fir Reen bei eis duergeet. E Mëttwochmëtte verschwënnt dëst spezifescht Reegebitt aus eisem Aflossberäich, ier awer am weidere Verlaf vum Dag ëmmer nach nei Schauere kënnen optrieden, dat awer op punktueller Basis.


Déi viraussiichtlech Reenzomme laut ECMWF-Modell. Aner Modeller hu net esou vill dran, wat doru läit, dass méiglech spontan Schliet wéi Donnerwieder ënnerschiddlech bewäert ginn | Grafik: wxcharts.com

En Donneschde besteet zumools vum Nomëtten un d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren oder och Donnerwieder. Verschidde Modeller no kéinten dës a Saache Staarkreen och méi kräfteg ausfalen. Détailer dozou, mee awer och zur Dauer, sinn awer nach ofzewaarden. Um Freide wiessele sech d’Sonn an deels méi kompakt Wolleken of, tendenziell an der éischter Dageshallschent soll et nach naass ginn. E Samschden an e Sonnde si weiderhi Nidderschléi ze erwaarden, déi, wéi un den aneren Deeg och schonn, vum Déifdrockgebitt iwwer Westfrankräich ausginn. Dass sech iergendwou en Dimmer forméiert, ass och net ganz ausgeschloss.

Geet et dem amerikanesche Modell no, da soll déi nächst Woch méi dréche verlafen, iwwerdeems mir awer kloer ënnert enger Weststréimung leien. Den europäesche Modell gesäit méi Reen – et däerf een also gespaant sinn.

D’Temperaturen

Mir wëssen also sécher, dass en Déif iwwer Frankräich eist Wieder iwwert e puer Deeg laang wäert beaflossen. Wéi gesot, wäert déi exakt Positioun vum Kär awer d’Détailer ausmaachen, beispillsweis wéi héich d’Temperatur klëmmt. Haut si meeschtens 21 bis 25°C dran, plazeweis och mol 26°C. Muer um Mëttwoch si mir viraussiichtlech bei 18 bis 23°C ënnerwee an en Donneschde bei 22 bis 26°C.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse laut ECMWF-Modell. Och op dësen huet d’Déif iwwer Westfrankräich e groussen Afloss | Animatioun: wxcharts.com

Wat et méi wäit an d’Zukunft geet, wat d’Prognos eng méi schwéier gëtt. Fir e Freide ginn et Berechnungen, déi eis bis grad emol ëm 20°C weisen, héchstens! Aner Berechnungen sinn deels mat bis zu 26°C ënnerwee, wat e groussen Ënnerscheed ass. Fir e Samschde gesinn Héchstwäerter vun tëscht 23 a 27°C aktuell warscheinlech aus, e Sonnde schwanken d’Berechnungen tëscht 18° an 28°C. D’Déif iwwer Westfrankräich erschwéiert de Meteorologen d’Aarbécht also enorm.