Ausbléck: Fréijoerswieder zu Lëtzebuerg – Lokal déi éischt Summerdeeg?

D’Fréijoerswieder huet Lëtzebuerg voll am Grëff. Elo kënnen d’Temperature plazeweis esouguer bis op 25 Grad klammen.

Fréijoerswieder duerch staarken Héichdrockafloss

E grousst Héichdrockgebitt huet d’Wieder iwwer Mëtteleuropa, a soumat och Lëtzebuerg, ënner Kontroll. Zesumme mat engem Déifdrockgebitt virun der Küst vu Portugal gi waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt, déi eis nach bis den Donneschde beschäftege wäerten. Duerno soll et erëm méi kill ginn. Bis den Donneschden inclus heescht dat also: iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen a vill Sonn. Heiansdo zéie just e puer kleng an harmlos Wolleken duerch, Reen ass keen Thema.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Freiden | Animatioun: wxcharts.com

Schonn gëschter iwwerduerchschnëttlech waarm

Och um Méinde war et mat Maximaltemperature vu 19 bis 22 Grad ze waarm fir d’Joreszäit. De Maximum gouf un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Waasserbelleg mat 22,4 Grad gemooss – e Wäert, deen haut, um Mëttwoch an och um Donneschde ka gebrach ginn.

Lokal bis zu 25 Grad – per Definitioun éischte Summerdag?

Haut um Dënschden ass mat Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad ze rechnen. Muer um Mëttwoch soll et mat 21 bis 24 Grad nach e bësselche méi waarm ginn – lokal begrenzt sinn och mol Spëtzte bis 25 Grad net ausgeschloss. Och um Donneschde kéint et nach eng Kéier 20 bis 25 Grad waarm ginn, ier dann, wéi gesot, an den Deeg drop d’Temperaturen erëm lues a lues zréckginn. Do, wou d’Temperaturen an de nächsten Deeg 25 Grad areechen oder esouguer driwwer klammen, kann ee per Definitioun vun engem meteorologesche Summerdag schwätzen.