Ausbléck: Geschwënn ass et an de Moiesstonnen erëm méi kill

Et ass kuerz méi mëll ginn, mee dat schéngt sech demnächst och erëm ze änneren.

De nächste Frascht steet virun der Dier

Sou wéi déi aktuell Modellrechnungen et gesinn, soll et geschwënn erëm biergof goe mat eisen Temperaturen – haaptsächlech an de Nuechten an och an de fréie Moiesstonnen. Ier et awer esouwäit ass, leie mir de Moment erëm ënnert enger bësse méi mëller südwestlecher Stréimung, déi aus déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent resultéiert. Well en Déifdrockgebitt géint d’Auer dréint an en Héich mat der Auer ginn dës méi mëll Loftmassen aus Spuenien resp. Nordafrika an eis Géigende gelenkt. Temperaturen, déi bis op oder ënnert de Gefréierpunkt zréckginn, hu mir de Moment net méi. Mee dat sollt, wéi gesot, demnächst erëm kënnen änneren.


Déi aktuell Situatioun: mëll Loftmassen aus dem Südweste ginn eis zougespillt | Grafik: wxcharts.com

Wéi déi aktuell Modellrechnungen et gesinn, solle mir vu Mëtt der Woch un erëm lues a lues ënnert eng méi kill nordëstlech Stréimung geroden, déi eis haaptsächlech an de Nuechten an och fréie Moiesstonnen plazeweis de Frascht erëmbrénge kënnen. Besonnesch betraff sinn wéi ëmmer d’Däller am Norde vum Land. Méi kill gëtt et awer och schonn an der nächster Nuecht, wou d’Wäerter op 3 bis 1 Grad fale kënnen. Dass et schonn plazeweis fir de Gefréierpunkt duergoe kann, ass net onméiglech. Um fréien Donneschdemoie soll et schonn erëm bësse méi warscheinlech fréiere kënne bei -2 bis 3 Grad. Deemno wéi sech d’Modellrechnungen an de nächste Stonnen entscheede, ka sech dëse méi fraschtegen Trend och nach op déi Deeg drop iwwerdroen. Dir gitt natierlech dozou hei um Lafende gehalen.