Ausbléck: Geschwënn erëm gréisser Liwwerung Saharastëbs

Virun allem de Weekend soll eis de nächste Schwall u Saharastëbs erreechen, deen e bësse méi markant kéint ginn.

Saharastëbs näischt aussergewéinleches

Et héiert een an de leschte Woche vill iwwert de Saharastëbs, well et elo méi oft hannerteneen zu enger gréisser Konzentratioun vum Stëbs an der Atmosphär iwwer Lëtzebuerg komm ass. Et muss een awer och wëssen, dass de Saharastëbs generell ëmmer erëm bei eis virkënnt – reegelméisseg suergt dëse fir verdreckt Autoen an och e méi dréiwen Himmel, duerch deen d’Temperature liicht kënnen zréckgehale ginn.

De nächste méi markante Virstouss vum Stëbs ass de Weekend ze erwaarden.


D’Situatioun vum Saharastëbs fir de Weekend | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr

Peak wärend dem Freiden an dem Samsden

Iwwerdeems mir et generell de Moment mat enger gerénger Konzentratioun vum Saharastëbs ze dinn hunn, gesinn d’Wiedermodeller fir de Weekend erëm e méi markante Virstouss. De Maximum dovu soll de Freiden an och um Samsden erreecht ginn, dat mat 800 bis 1200 mgr/m², deels och e bësse méi. Dat geet definitiv erëm dofir duer, dass däitlech Oflagerungen op Objeten ze gesi sinn. Mat dobäi kënnt, dass de Weekend iwwer en Déifdrockgebitt erëm Reen brénge soll. Duerch de Stëbs an der Loft kënnt dësen dann als “Bluttreen” erof, wat méi spektakulär kléngt wéi et ass – et sinn einfach “dreckeg” Reendrëppsen, déi mat Stëbs duerchsat sinn a sech zousätzlech u Géigestänn ofsetzen.